De Komponist, Saxofonist an Dirigent Hy-Khang Dang ass 1995 hei zu Lëtzebuerg gebuer. Nom Stater Conservatoire huet hie seng Studien an de renomméiertsten europäeschen Héichschoule weidergeféiert. Dorënner de Conservatoire zu Bréissel, de Conservatoire National Supérieur de Musique et de Danse zu Paräis an d’Guildhall School of Music and Drama zu London.
Vun 2023-2026 war hie Soundhub associate vum London Symphony Orchestra an an der Saison 2024/25 gouf hie fir de Britten-Pears Young Artist Programm selektionéiert.
Aktuell lieft a schafft den Hy-Khang Dang parallel zu London a Lëtzebuerg a well hie grad hei zu Lëtzebuerg war, hu mir dovu profitéiert fir hien an eise Klassik Talk vun dëser Woch ze invitéieren.
Am drëtten Extrait erkläert den Hy-Khang Dang, wat et senger Meenung no brauch, fir datt d’zäitgenëssesch Musek ee méi grousse Publikum erreeche kann, wat Soundpainting ass a wou hien d’Zukunft vun der zäitgenëssescher Musek gesäit.