Episoden

CNS refuséiert fréiere President als Fonctionnaire ze nominéieren

CNS refuséiert fréiere President als Fonctionnaire ze nominéieren

De Christian Oberlé war 7 Joer laang President vun der Gesondheetskeess a misst elo eigentlech als Fonctionnaire nominéiert ginn. Mee den CNS-Verwaltungsrot huet dat refuséiert.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

OGBL an LCGB lancéieren nei Attack géint Regierung a Patronat an de Frank Schleck erkläert, firwat hien déi national Vëlosfederatioun verléisst an zeréck bei Lidl Trek geet.
headphones

4 min

play_arrow
Wéi kann de Projet ALPHA an de Grondschoulen ëmgesat ginn? | © Radio 100,7

Wéi kann de Projet ALPHA an de Grondschoulen ëmgesat ginn?

De Mëtteg gëtt an der Chamber iwwer de Projet Alpha ofgestëmmt. Den Direkter vum SCRIPT Luc Weis erkläert, wéi d'Reform duerno an de Grondschoule wäert ëmgesat ginn.
headphones

10 min

play_arrow

Paul Schroeder

Mam Generaldirekter vum CGDIS schwätze mir iwwer d'Pompjeeën, där et net genuch ginn, an Dokteren, déi sech Konkurrenz maache fir kënnen um Samu ze fueren.
headphones

14 min

play_arrow

Editioun 7h15

Haut gëtt an der Chamber iwwer d'Aféierung vun der Alphabetiséierung op Franséisch ofgestëmmt an e jonke Lëtzebuerger ass op den Tuerm vun der Kathedral geklomm, ouni Sécherung.
headphones

5 min

play_arrow
Gesetzespropos vun Intersex an Transgender Lëtzebuerg | © picture alliance / IPON | Stefan Boness

Gesetzespropos vun Intersex an Transgender Lëtzebuerg

Nach ëmmer géife Kanner mat Variatioune vun de Geschlechtsmerkmaler operéiert ginn, fir hir Geschlechtsdeeler unzepassen, kritiséiert Intersex an Transgender Lëtzebuerg.
headphones

6 min

play_arrow
PAN Rassismus | © Ana Angel

PAN Rassismus

Wat hält d'Vizepresidentin vun der consultativer Mënscherechtskommissioun (CCDH) vum nationalen Aktiounsplang géint Rassismus? Froen un d'Antonia Ganeto
headphones

16 min

play_arrow
Mam 3D-Outil Geoportail seng Wanderroute aschätzen | © Radio 100,7

Mam 3D-Outil Geoportail seng Wanderroute aschätzen

Dir wëllt wëssen, wéi ustrengend de Wanderwee wäert ginn, deen Dir Iech erausgesicht hutt? Da kënnt Dir Iech mam neien 3D-Outil vum Geoportail ee Bild dovu maachen.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

Bierger zu Hamm wieren sech géint de geplangte Liichtathletikstadion a Lëtzebuerg huet de Budget fir de Weltallberäich an d'Luucht gesat
headphones

4 min

play_arrow
Polemik ëm d'Lady Rosa

Polemik ëm d'Lady Rosa

Deen neie Bléck zréck op www.100komma7.lu dréit ëm d'Polemik vun 2001 ëm déi schwanger Gëlle Fra. Eisen Archivist Gilles Schreurs huet eng Rei Toundokumenter dozou zesummegstallt.
headphones

5 min

play_arrow

David Lentz

Mam neie Procureur vum Stater Parquet schwätze mir ënner anerem iwwer déi nei gesetzlech Reegelen iwwer de Sursis. An Zukunft kéint erëm méi dacks feste Prisong gesprach ginn.
headphones

14 min

play_arrow
Gréiwemaacher wiert sech

Gréiwemaacher wiert sech

Haut (2.12.) ass de leschten Dag vun der Enquête publique ronderëm de geplangten Ausbau vum Tanklager am Mäerterter Hafen. D'Maacher Buergermeeschtesch Monique Hermes ass dogéint.
headphones

7 min

play_arrow

Editioun 7h15

Dem Michel Wolter seng Ukënnegung als Käerjenger Buergermeeschter zeréckzetrieden a senger Fra Nadine Braconnier d'Amt ze iwwerloosse suergt och an den Zeitungen de Moie fir Kritik
headphones

4 min

play_arrow
Wat steet op der internationaler Aarteschutz-Konferenz um Spill? | © Bigstock

Wat steet op der internationaler Aarteschutz-Konferenz um Spill?

Mir froen den Eric Schauls vum Ëmweltministère, dee Lëtzebuerg op der Konferenz vertrëtt.
headphones

9 min

play_arrow
Neien Digitalradio: Haut gëtt d'Diffusioun iwwer DAB+ offiziell lancéiert

Neien Digitalradio: Haut gëtt d'Diffusioun iwwer DAB+ offiziell lancéiert

Den 100,7-Direkter Jean-Lou Siweck an de Luc Boentges erklären, wat dat fir d'Nolauschterer an d'Nolauschterinne bedeit.
headphones

9 min

play_arrow
Wëllen d'Spidolsdokteren der AMMD Konkurrenz maachen?

Wëllen d'Spidolsdokteren der AMMD Konkurrenz maachen?

Mir froen d'Monique Reiff. Si ass Presidentin vun der Associatioun vun de Médecins Salariés Hospitaliers (MSH), déi an Zukunft all d'Spidolsdokteren wëllt vertrieden.
headphones

9 min

play_arrow

Editioun 08:15

En Äddi fir en Zuch, en Aktiounsplang géint Rassismus an e Sportsmusée mat Virgeschicht
headphones

4 min

play_arrow
Vun Doudholz bis jonk Beem: Wéi ënnersicht d’ANF den Zoustand vum Bësch?

Vun Doudholz bis jonk Beem: Wéi ënnersicht d’ANF den Zoustand vum Bësch?

Am Inventaire vun de Bëscher stellt d'Natur an d’Bëschverwaltung ënner anerem fest, datt just nach 20 Prozent vun de Beem zu Lëtzebuerg gesond sinn. Wéi kënnt d'ANF un déi Daten?
headphones

5 min

play_arrow

Erik von Scholz

Enovos setzt seng Stroumpräisser den 1. Januar erof. Wou kënnt déi Baisse hier a wat hunn déi staatlech Subventiounen domat ze dinn? Dat froe mir de CEO vum Energiefournisseur.
headphones

13 min

play_arrow
Déi gréisste Suerg bleift de Verkéier | ©  takahiro taguchi / Unsplash

Déi gréisste Suerg bleift de Verkéier

Iwwer 120.000 Frontalieren aus Frankräich schaffen zu Lëtzebuerg. Um Salon des frontaliers vum OGBL zu Diddenuewe goufe Froen zum Aarbechtsrecht an de soziale Leeschtunge gestallt.
headphones

5 min

play_arrow