Episoden
Editioun 07:15
Mat lokalpolitesche Sujete vun Esch a Schengen a mat engem Bléck op déi indesch Communautéit am Land
Eventtipp: BMAD am Liquid
Haut den Owend (6.11.) spillt d’Blues-Grupp BMAD e Concert am Liquid am Stater Gronn.
Keng Zich tëschent Beetebuerg an der Stad: Wéi grouss ass den Impakt?
De Rick Mertens mellt sech live vun der Beetebuerger Gare.
Chamber-Petitiounen: Wat passéiert duerno?
Mir hu bei der Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun nogefrot, wéi ee Suivi Petitioune kréien, nodeems an der Chamber doriwwer geschwat gouf.
Trotz Protester: D'Bëllegmark Shein wëllt e Geschäft zu Parais opmaachen
Eise Korrespondent Max Tholl erkläert d'Hannergrënn.
Editioun 8h15
Et ginn nei Mobbing- an Harcelementsvirwërf géint d'Verwaltung vun der Uni Lëtzebuerg, eng fréier Mataarbechterin, déi am Moment mat der Uni um Geriicht ass, erzielt vun hirem Fall
Vullegripp bei Zuchvullen
Natur&Ëmwelt warnt, datt d'Infektiounszuelen nach däitlech kéinte klamme bei de wëlle Vullen
Serge Wilmes
Den CSV-Ëmweltminister ass aktuell zu Bréissel fir mat deenen aneren EU-Ëmweltministeren en EU-Klimazil bis 2040 festzeleeën
De Laurent Mauvignier gewënnt de Prix Goncourt
Dee renomméiertste franséische Literaturpräis geet dëst Joer un e Buch vu 750 Säiten: "La maison vide"
Editioun 7h15
No Plainte géint Aktivistin: den Ausseminister Bettel géif de Schuedenersatz un de Centre contre la radicalisation Respekt.lu spenden.
Eventtipp: Karaoke op der Stater Theaterplaz
Am Bar L'Adéquat kann een den Owend seng Liblingslidder sangen.
Neie CT-Scanner am LNS
Zanter Mëtt Mee dëst Joer huet d’Departement vun der Rechtsmedezin am Laboratoire National de Santé e Computertomografie-Scanner. Virun 3 Woche gouf en offiziell ageweit.
Wéi eng Reegele gëllen, wa Politiker an der Schoul schwätzen?
Mir froen den Educatiounsminister Claude Meisch, nodeems d'ADR sech beschwéiert huet, well se d'lescht Woch net op eng Table ronde an de Lycée Hubert Clement invitéiert gouf.
Virum Héichhaus: D'Police test neit Sécherheetsekipement
De Rick Mertens ass op der Plaz fir sech unzekucken, wat do déi ganz Woch iwwer getest gëtt.
Editioun 8h15
SOS Détresse zitt e Bilan aus de 4.000 Appellen, déi si pro Joer erakritt an den Ausseminister Xavier Bettel mécht eng Plainte géint eng Lëtzebuerger Gaza-Aktivistin.
The Deal
D'Serie ronderëm d'Verhandlungen iwwer en Atomofkommes mam Iran am Joer 2015, déi een am Moment an der ARTE Mediathéik kucke kann, ass eng Lëtzebuerger Koproduktioun.
Marc Berna
De President vun der Spidolsfederatioun an Direkter vun den Hôpitaux Robert Schuman reagéiert op d'Ukënnegung vun enger geplangter Findel Clinic.