Episoden
Editioun 8h15
Déi nei amerikanesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg, besuergte Bouneweger Bierger a Popularitéitsproblemer vun der franséischer Sprooch, dat sinn Themen an der Presserevue.
Wéi sécher si Lëtzebuerger Muséeën?
No der Louvre-Affär: Wéi sécher si Lëtzebuerger Muséeën? Mir hu bei der Tania Brugnoni nogefrot.
Françoise Kemp
Déi jonk CSV-Deputéiert ass Rapportrice fir d'Pensiounsreform. Mir froen si wéi wäit d'Meenungen zu der Reform an der Chamber nach ausernee ginn.
Detailer zu der Pensiounsreform
Gëschter huet d'CSV-Ministesch Martine Deprez an der zoustänneger Chamberkommissioun Detailer ginn zur Pensiounsreform. Den Eric Ewald mat enger Analys.
Editioun 7h15
Eventtipp: Wien huet Angscht viru Videospiller?
Videospiller, Apps, Konsolen– vu Kanner gär genotzt, vun Eltere gefaart. Awer si Videospiller u sechschlecht?
Kritik um Mediegesetzesprojet
D'Ännerungen um Mediegesetz gi souwuel vun der ALJP, wéi och vum Direkter vum 100,7 begréisst. Trotzdem bleiwe sou munch Froen op.
Pétanque: Zënter Kuerzem steet e Lëtzebuerger un der Spëtz vum Weltverband
De Gérard Schneider verréit eis wat elo op der Positioun op hien duer kënnt.
Editioun 8h15
Hëtzeg Diskussioune ronderëm d' Verkéierssituatioun zu Péiteng beim Schoulcampus, déi schlecht Dronereegelung hei am Land an d'Handwierksberuffer, déi boome sinn Theemen.
Wéi vill Oprëschtung brauch Europa?
Doriwwer diskutéieren de Friddensfuerscher Dr. Herbert Wulf an de fréieren Colonel vun de Lëtzebuerger Arméi, de Patrick Fautsch.
Etüd iwwer Lafschlappen
De Luxembourg Institute of health (LIH) sicht nach Participanten fir eng Etüd iwwer den Zesummenhang vun der Fiederung vun de Lafschung an dem Risiko vu Verletzungen.
Editioun 7h15
Den Ierpeldenger Buergermeeschter ass a Saachen Nordstad-Fusioun ënner Beschoss geroden, donieft gëtt et Kritik um Aktiounsplang géint Rassismus, nach ier en iwwerhaapt eraus ass.
Eventtipp: Zereck an Zait vun 1843 bis 1867
Vun 1843 bis 1867 huet en Deel vun der fréierer Abtei vun Iechternach als Kasär fir e Batailloun Juegd-Zaldote vum Federale Contingent gedéngt. Dozou ass haut eng Konferenz.
Wirtschaftsmissioun an Holland
De Wirtschaftsminister Lex Delles ass nach bis mar mat enger Delegatioun vu 60 Leit, dorënner Vertrieder vun 33 Entreprisen, an Holland.
Pneuen- a Luuchtekontroll vum ACL
Wéi all Joer am Hierscht bitt den Automobil-Club déi gratis Kontrollen un, fir d'Sécherheet op de Stroossen ze verbesseren.
De Lëtzebuerger Handball am europäesche Fokus
Mat den Diddelenger, Déifferdenger a Bierchemer Hären an de Käerjenger Dammen hu 4 Lëtzebuerger Ekippen d'Qualifikatioun fir déi 3. Ronn am European Cup fäerdegbruecht.
Editioun 8h15
Péiteng ass an der Aktualitéit, engersäits well déi fënneft gréisste Gemeng am Land keng Flüchtlingsstrukturen huet a well se der Kaméidisbelaaschtung de Kampf ugesot huet.