Episoden
Tour de France
Lescht Woch vum Tour de France: Mat wat ass nach déi nächst Woch ze rechnen? A wien ass Favorit? Mir zéien een Tëschebilan mam Lëtzebuerger Cyclist an Expert Kevin Geniets.
Interview mam Carlo Masala
Den däitsche Militärexpert iwwer säi Buch "Wenn Russland gewinnt", an deem hien e Zenario entwéckelt, wat am Fall vun enger russescher Victoire géint d'Ukrain kéint geschéien.
Alles op de Vëlo
Den Depart vum Vëlosummer gouf gëschter zu Miersch agelaut. Fir dëst Joer si 14 Parcoursen iwwer d'ganzt Land geplangt. Déi Strecke bleiwen op verschidde Weekender autofräi.
E Bléck zeréck
Virun 30 Joer ass zu Eschduerf déi éischt Wandmille gebaut ginn.
Projet Nordstad
Bierdener Biergerinitiativ bedauert, datt een den "Schwaarze Péiter" krut
Sidd Dir esou staark wéi e Päerd oder teamfäeg wéi eng Bei?
Op der Robbesscheier zu Munzen leeft zanter Kuerzem en neien Aktivitéiteprogramm.
Wéi eescht muss Russland déi neisten Drounge vum US-President huelen?
Den Donald Trump drot mat weidere Stroftaxe géint Moskau, wann de Putin senge Fuerderungen no enger Wafferou an der Ukrain net nokënnt.
Grond- a Mobiliséierungssteier
Explikatiounen zum Projet vum Inneminister Gloden, an d'Reaktioun dorop vum gréngen Deputéierte Meris Sehovic
Hydrogen: Lëtzebuerg a Japan wëlle verstäerkt zesummeschaffen
Dat huet sech um Bord vum Ierfgroussherzog Guillaume senger Visitt zu Osaka gewisen. D'Françoise Medernach ass fir eis op der Plaz.
Méi oder manner Sue fir d'Baueren: Froen un de Christophe Hansen
Am neien EU-Budget suergt virun allem den Agrarbudget fir Diskussiounen. EU-Deputéiert schwätze vun 20-30 Prozent Kierzungen. Wat seet den Agrar-Kommissär?
Wéi gëtt een ee gudde Virlieser?
Den Aymerick Waisse Da Silva huet de Virliesconcours 2025 gewonnen. Zesumme mat der Marie-Anne Antony vum Script beschreift hien, wéi et dozou koum a wat de Concours bréngt.
Summervakanz
Nom Secondaire war de 15. Juli och dee leschte Schouldag am Fondamental. Wat kann een alles an der grousser Vakanz maachen? Mir hu beim SNJ nogefrot.
Fräiliichttheater Groussbus
"Bei der Däiwel" huet de Jemp Schuster d’Stéck genannt, dat hien dëst Joer fir de Fräiliichttheater zu Groussbus geschriwwen an inzenéiert huet. Den Owend ass Première.
Patriotsystemer fir d'Ukrain
Deen däitsche Militärexpert Carlo Masala gleeft net drun, datt d'Positioun vun den USA zum Krich an der Ukrain dauerhaft geännert huet.
Vu Prabbelien a Lëtzebuerger Spezialitéiten
Impressioune vun der Weltausstellung zu Osaka a Japan
Franséisch Budgetspläng
Bal 44 Milliarde sollen agespuert ginn - deelweis mat ëmstriddene Mesuren. D‘Oppositiounsparteien hu schonn e Mësstrauensvott an Aussicht gestallt.
Nohaltegkeet: Wéi een Invest lount sech?
D'Sabrina Kohn vum House of Sustainability beréit Entreprisen a punkto Nohaltegkeet a stellt fest: de Prinzip ass mëttlerweil kee Luxus méi an huet och vill verschidde Facetten.