Episoden
Tilly Metz
Déi gréng Europadeputéiert schwätzt iwwer hire Kampf géint den Tabagissem ... a géint déi staark Presenz vun Tubaks-Lobbyisten an de Couloire vum Europaparlament.
Reesen an Zäite vum Klimawandel: Verschidden Approchen
Hutt Dir Äert Reesverhale wéinst dem Klimawandel ugepasst? Dat ass eis Fro vun der Woch. An d'Reaktioune weisen, datt et verschidden Äntwerte ginn.
Editioun 07:15
Am Lëtzebuerger Land geet et ëm de Projet FindelClinic / Sujet am Journal ass déi contaminéiert Puddermëllech
Spektakulär Kombinatioun vu Schilaanglaf a Schéissen
Haut ginn ë. a. am Massestart vum Biathlon bei den Häre Medaile verdeelt: Wourëms geet et am Biathlon a wat genee ass déi Disziplin?
Wéi den Äishockey sech zu Lëtzebuerg entwéckelt huet
Wéi steet et eigentlech ëm den Äishockey hei zu Lëtzebuerg? Um Training beim Tornado Lëtzebuerg hu mir ënner anerem erausfonnt, firwat Lëtzebuerger Ekippen am Ausland spillen.
Zwee Méint virun de Walen an Ungarn: Wéi sinn d'Ëmfrowäerter anzeschätzen?
Mat Spannung gëtt op d’Parlamentswalen den 12. Abrëll an Ungarn gekuckt: Dem Premier Victor Orban seng Fidesz-Partei läit a verschiddenen Ëmfroen hanner der Tisza-Partei.
Editioun 8h15
De Problem mat den neie KI-generéierte Bedruchsmaschen, ënnerierdesch Zoustänn am Parking Theaterplaz an e Bilan no sechs Méint autonome Shuttle op Belval sinn Theemen.
Board of Peace fir Gaza: EU-Participatioun bleift ongekläert
Zu Washington kënnt fir déi éischte Kéier dee vum President Trump gegrënnte Board of Peace zesummen. Mat derbäi ass och eng EU-Kommissärin. Ouni kloert Mandat
Michel Knepper
De Bilan vun den Olympesche Wanterspiller - aus Lëtzbuerger Siicht an allgemeng - mam President vum COSL
Positive Bilan vun den Olympesche Wanterspiller fir Lëtzebuerg
Fir déi Lëtzebuerger Olympia-Delegatioun sinn d’Olympesch Wanterspiller zu Mailand a Cortina gëschter aus sportlecher Siicht op en Enn gaangen.
Editioun 7h15
D'Affär ronderëm de suspendéierte Chirurg ass nees grousst Theema, dem Dokter Wilmes säin Affekot contestéiert nämlech d'Expertin, déi d'Gesondheetsministesch nominéiert huet.
Ski-Mountaineering: Eng Première bei den Olympesche Wanterspiller
Fir déi alleréischte Kéier op den Olympesche Wanterspiller gi Medailen am Ski Mountaineering verdeelt. Dës Sportaart huet sech an den 80er Joren esou richteg entwéckelt.
Shorttrack: Eng Disziplin, déi sech un der Déierewelt inspiréiert
Haut (18.2.) stinn op den Olympesche Wanterspiller ënner anerem d’Finalle vun der Fraestaffel iwwer 3.000 m am Shorttrack um Programm. Mee wat ass Shorttrack eigentlech?
Vive d'Republik!
De Claude Frentz presentéiert säi Buch iwwer Republikanismus a Monarchiekritik zu Lëtzebuerg.
Curling zu Lëtzebuerg - Eng Nischesportaart, déi all 4 Joer begeeschtert
Ronn 50 Leit spillen zu Lëtzebuerg aktiv Curling. Bei desëm Wantersport brauch et Technik, Taktik a Fitness. E Bléck hanner d'Kulissen
Editioun 8h15
De fréiere Premier an EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker wëllt net, datt Russland de Krich an der Ukrain gewënnt, dat seet hien haut an der geschriwwener Press.
Wat ännert d'Ophiewe vum Juegd-Nuetsverbuet fir d'Jeeër?
Den Ëmweltminister an d'Acteuren um Terrain si sech eens fir d'Juegd an der Nuecht z'erlaben. Wat ännert dat? Mir froen de Marc Reiter, Vizepresident vun der Jeeërfederatioun FSHCL
Dirk Becker
De Generalsekretär vun der Association Luxembourgeoise des Pilotes de Ligne (ALPL) reagéiert op déi rezent Serie vun Tëschefäll mat Luxair-Maschinnen.