Episoden
No de Walen a Portugal - wien ass den Antonio Seguro?
Mir hu mat der Chefredaktesch vu Contacto a Radio Latina, Manuela Pereira, iwwer d'Prioritéite vum zoukënftege President vu Portugal geschwat.
Editioun vum Weekend
Politesche Love-Barometer aus dem Luxemburger-Wort / Groussen Tageblatt-Interview mat der Francine Closener an Dan Biancalana // Quotidien-Editorial warnt virun ze fréiem Walkampf
Dikkrecher Kavalkad
Scho fir d'58. Kéier fueren e Sonndeg d'Fuesween duerch d'Ieselsstad. De Sandro Dimola aus dem Organisatiounscomité gëtt Erklärungen zu de leschte Preparatiounen.
Kënnbakesteeën
Zanter leschtem Joer ass d'Traditioun vun der Kënnbakestee op der UNESCO Lëscht vum Patrimoine immateriel. Zu Boukels preparéiert d'Vereenegung vun de Vältesfrënn déi Stee.
Weltradiodag: Firwat lauschtert Dir gäre Radio?
Mir kucken a lauschteren eis mat eisem Programmchef Yves Stephany d'Äntwerten un, déi mir op eis Fro vun der Woch erakruten.
D’Raiffeisen investéiert 10 Mio. Euro an d’Digitaliséierung vum Kärgeschäft
An d’Moderniséierung vum Kreditgeschäft sollen an den nächsten dräi Joer 10 Milliounen Euro fléissen. Dat huet d’Bank Raiffeisen am Kontext vun hirem 100. Anniversaire ugekënnegt.
Editioun 08:15
E Gespréich mam neien CSV-Fraktiounspresident, Win-Win mam Här Wilmes an d'Pirateboot geet ënner, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
D'Muselregioun setzt op Oenotourismus
Et gëtt ëmmer méi schwiereg fir just vun der Wäiproduktioun ze liewen. En neien Aktiounsplang soll dofir suergen, datt d'Wënzer sech kënnen en zweet Standbeen opbauen.
Yuriko Backes
Nom EU- an dem NATO-Conseil, virun der Münchener Sécherheetskonferenz: Froen un d'Verteidegungsministesch
D'Berlinale huet ugefaangen
Gëschter Owend (12.2.) huet déi 76. Editioun vum Filmfestival zu Berlin mat der Projektioun vum Film "No Good Men" vun der iranescher Realisatrice Shahrbanoo Sadat ugefaangen.
Editioun vun 07:15
E Gespréich mam neien CSV-Fraktiounspresident, Win-Win mam Här Wilmes an d'Pirateboot geet ënner, dat sinn d'Theemen an der Presserevue
Olympesch Wanterspiller
Finall bei de Männer vum Skeleton: Nëmmen d’Vitess zielt.
Gewerkschafte froen dréngend Sëtzung vun der Stoltripartite
Dee fir d'Siderurgie zoustännegen LCGB-Sekretär Robert Fornieri nennt d'Froen, déi d'Gewerkschafte gär beäntwert kréichen.
D'Weltmeeschterin am Blannentennis kënnt aus Lëtzebuerg
D'Liz Conzemius ass amtéierend Weltmeeschterin an huet Ufank Februar och un der Competitioun, déi parallel zu den Australian Open gespillt gouf, deelgeholl.
Heures silencieuses am Restaurant
D'Konzept, dat et schonn a Supermarchéë gëtt, gouf elo och a verschiddene Restaurante lancéiert.
Editioun vun 08:15
Déifferdeng brauch en neit Gemengenhaus, de Sozialdialog op wackelege Been an eng Risenuergel zu Lëtzebuerg, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Wéi warnt ee mat Zäit viru Wiederkatastrophen?
Spéitstens zënter den Iwwerschwemmunge vum Juli 2021 léisst d'Theema Fréiwarnsystemer den Hydro-Meteorolog Jeff Da Costa net méi lass.
Bruno Alves an Norry Schneider
Mir huele mam Beamte vum Ëmweltministère an dem Vertrieder vun der Organisatioun CELL deen neie Strategiepabeier fir d'Upassung un de Klimawandel ënner d'Lupp.