Episoden
Haut un den Holocaust erënneren
Wéi schwätzt ee mat Jonken iwwer den Holocaust an Zäite wou et kaum nach Zeie ginn? Dat froe mir den Direkter vum ZPB, Marc Schoentgen, um Holocaust Remembrance Day.
Frankräich debattéiert iwwer déi sozial Medien an déi Jonk
D'Assemblée nationale huet gëschter iwwer d'Gesetzespropos diskutéiert, déi sozial Medie fir déi ënner 15-järeg soll verbidden Eise Korrespondent Max Tholl kennt d'Detailer.
Bettel iwwert EU-Indien-Handels-Accord: Lëtzebuerg ass dofir
D’Regierung ass fir een Handels-Accord mat Indien, sou de Aussen- an Handelsminister Xavier Bettel. Virun allem am Beräich Finanze gesäit hie "grouss Opportunitéiten".
Editioun 8h15
Kritik um Aarmuts-Aktiounsplang an Ëmweltverschmotzung wéinst chemesche Produite fir Äis un de Fligeren um Findel ewechzemaachen sinn Theemen an der Presserevue
Méi propper Energie duerch Kooperatiounen an der Nordsee
De Grand-Duché war och um drëtten Nordsee-Sommet present. Mir schwätze mam Energieminister Lex Delles iwwer dat wat hie gëschter fir d'Stroumversuergung hei am Land erreecht huet.
Paulette Lenert
Si ass déi eenzeg Fra am Top 3 vun de beléifste Politiker a war awer rezent och vun der LSAP-interner Kritik viséiert. Wéi eng Roll wëll d'Deputéiert déi nächst Zäit do spillen?
Solidaritéits-Piquet mat de Mënschen zu Minneapolis
"Op der richteger Säit vun der Geschicht stoen": Solidaritéits-Piquet mat de Mënschen zu Minneapolis
Editioiun 7h15
D'Affär ronderëm de suspendéierte Chirurg schléit weider Wellen an den Zeitungen an och, wéi d'Pressefräiheet hei nees op d'Prouf gestallt gëtt.
ArcelorMittal zu Déifferdeng: 85 Prozent manner Stëbs versprach
De Stolproduzent ArcelorMittal versprécht, datt duerch eng nei grouss Anlag um Site zu Déifferdeng 85 Prozent vum Stëbs aus der Produktioun soll zréckbehale ginn.
Ophüls-Präis fir "Terres rouges"
D'Reaktioun vum Fränz Hausemer, dem Realisateur vum Documentaire iwwer de Gast Rollinger, seng Gedichter, seng Passioun fir de Film a seng Léift fir de Minett.
D'Originne vun de Lëtzebuerger Familljennimm
E Gespréich mam Linguist a Kulturhistoriker Jean-Claude Muller iwwer säi Buch "Les noms de famille Luxembourgeois"
E Bléck zréck op de Luxembourg Song Contest 2026
Een Owend voller Glitzer, grousse Gefiller, Freed an Enttäuschungen. Dëse Weekend war an der Rockhal de Luxembourg Song Contest.
Editioun 8h15
Déi orange Kleedercontainere kéinte geschwë Vergaangenheet sinn, d'Associatioun Kolping Lëtzebuerg hält nämlech den 31. Januar domat op.
Affär Wilmes: Firwat nennt den 100,7 den Numm vum suspendéierte Chirurg?
Dëse Radio huet den Numm vum Chirurg ëffentlech gemaach, géint deen d'Gesondheetsminsitesch (CSV) d'lescht Woch e partiellt Beruffsverbued decidéiert huet. Erklärungen.
Serge Legil
De Chef vun der Prisongsverwaltung iwwer déi schlecht Haftkonditioune vu Fraen an iwwer verschidden nei Dispositiounen am Prisongsgesetz.