Episoden
Wéi hu Venezuelaner zu Lëtzebuerg d'Ofsetzung vum Maduro erlieft?
Nodeems de venezuelanesche President Nicolás Maduro vun den USA entféiert gouf, hu mir Venezuelaner hei zu Lëtzebuerg gefrot, wéi si d'Situatioun gesinn.
Tom Oberweis
De President vun der Chambre des Métiers erkläert, mat wéi enge Suergen an Erwaardungen d'Lëtzebuerger Handwierk an dat neit Joer geet.
Firwat ass Lëtzebuerg vum Schnéichaos verschount bliwwen?
Mir froen de Luca Mathias vu Meteolux.
Editioun 07:15
Bommeleeër-Prozess, Changementer an der Gemeng Bech an e Koalitiounspartner, dee sech gutt verkeeft, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Wat ännert duerch déi geplangte Steierreform? De Gilles Roth am Interview
De Finanzminister Gilles Roth (CSV) erkläert seng Reformpläng ronderëm d'Aféierung vun enger eenzeger Steierklass.
Editioun 08:15
Brandschutzreegelen zu Lëtzebuerg, gratis ëffentlechen Transport a Kritik um Finanzpak, dat sinn eis Theemen haut an der Presserevue.
Luc Frieden: Lëtzebuerg schéckt keng Zaldoten an d'Ukrain
De Premier Luc Frieden iwwer d'Lëtzebuerger Contributioun bei de Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain. Zaldoten als Deel vun enger Friddenstrupp gehéieren net dozou.
Fred Keup
D'Steierreform, de Klimaschutz an d'US-Interventioun a Venezuela sinn d'Theemen am Gespréich mam ADR-Fraktiounschef.
Zwei Herren am Strand
De Jeff Schinker iwwer d'Theaterstéck mat deem Titel, dat muer oder iwwermuer am Stater Kapuzinertheater um Programm steet.
Editioun vun 07.15
Erënnerung un de Robert Goebbels, Kritik um milliardeschwéiere Finanzpak an eng Fussball-WM ënner schlechte Virzeechen, dat sinn eis Theemen haut an der Presserevue.
No der US-Interventioun a Venezuela
D'Reaktioun vum fréieren Ausseminister Jean Asselborn op dat, wat geschitt ass an eventuell nach kënnt.
Wéini kritt Frankräich säi Budget fir 2026?
Mir froen eise Korrespondent Max Tholl, wéi d'Budgetsdiskussiounen am neie Joer viruginn.
Biolandwirtschaft
Deen neie Bio-Aktiounsplang ass manner ambitéis wéi dee vu virdrun. Wat seet d'Vereenegung fir Biolandwirtschaft dozou? Froen un hir Direktesch Daniela Noesen
Editioun 8h15
Den Undrang an der Wanteraktioun um Findel ass grouss, wéinst de Minustemperaturen dobaussen, mee nach ginn déi 300 Better duer, dat liest een an den Zeitungen.
Chamber: héich Reeskäschten
Wat rechtfertegt déi héich Käschte fir Reese vun Deputéierten (an offizieller Missioun)? Froen un de Chamberpresident Claude Wiseler
François Bausch
Dee fréiere grénge Minister iwwer säin neien Job als Coordinateur fir den Atlantikkorridor vun den transeuropäeschen Transport-Reseauen
Keng Reklamme fir Junk Food
A Groussbritannie sinn am neie Joer Reklamme fir Junk Food, also ongesond Iessen, just nach owes op der Tëlee erlaabt, an online dierfen se guer net méi gewise ginn.
Editioun 7h15
D'US-Militäraktioun a Venezuela ass e grousst Theema an den Zeitungen: et gëtt keen Zweiwel drun, datt et dem Donald Trump just ëm Pëtrol geet an net ëm Demokratie.