Episoden
2025: D’Joer, an deem d’Brandmauer no riets am EU-Parlament fällt
2025 ass d'EU zeréckgeruddert: Gesetzer vum Green Deal goufen nogebessert. Fir dat Ëmzesetze war deels d’Hëllef vu rietsen a riets-extreeme Parteien néideg.
Wort-Chefredaktesch rechtfäerdegt kontrovers Wort-Artikelen dëst Joer
Zënter engem Joer ass d'Journalistin Chefredaktesch vum Lëtzebuerger Wort. Eng Rei Artikelen a Meenungsbäiträg, déi d'Wort zanterhier publizéiert huet, hu fir Kontroverse gesuergt.
D'Grenzkontrolle hunn 2025 fir Tensioune mat Däitschland gesuergt
De Pit Beffort bléckt zeréck op een éischter schwieregt Joer fir déi däitsch-Lëtzebuerger Relatiounen.
Editioun 7:15
Um leschten Dag vum Joer sinn eng Partie Réckblécker haut Sujet an der nationaler Press.
Caritas-Affär: D'Joer vun éischte Festnamen a Konsequenze bei der BCEE
Am Joer nodeems de Finanzbedruch bei der Caritas opgeflunn ass, konnt d'Justiz éischt kleng Erfolleger mellen. An d'Spuerkeess ass dëst Joer ënner Drock geroden.
Al Protheese fir de gudden Zweck
Handicap International sammelt där medezinescher Apparater, fir se op Plazen ze bréngen, op deenen d’Leit keen esou gudden Zougang zu Gesondheetsservicer hunn.
Recht op Ofdreiwung an der Verfassung: Den Debat huet 2025 gepräägt
Wéi sinn d'Debaten vun de Parteien an der Zivilgesellschaft ronderëm déi Gesetzespropos verlaf?
Presserevue
Mat ënner anerem de Sujete Schaaschtecher um Belval, Tunnel um Enn vun der N7 a südkoreanesch Kultur hei am Land
Dossier Santé: Konflikter, Reformen an nach vill oppe Froen
An de leschte Méint hunn d'Diskussiounen iwwer de Lëtzebuerger Gesondheetssystem an de Medien dominéiert. Firwat sech den Dossier Santé nom Summer zougespëtzt huet.
Tom Haas
D'Lëtzebuerger Wirtschaft huet sech an der zweeter Hallschent vum Joer e wéineg erholl. Wat sinn d'Prognose fir 2026? Dat froe mir den Direkter vum Statec.
Bléck zeréck: Virun 30 Joer ass de Bosniekrich op en Enn gaangen
Virun 30 Joer ass dee sougenannte Bosniekrich formell op en Enn gaangen. Mat eisem Archivist Gilles Schreurs kucke mir zeréck, wéi een Impakt dee Konflikt op Lëtzebuerg hat.
Editioun 07:15
Mat ënner anerem de Sujete Schaaschtecher um Belval, Tunnel um Enn vun der N7 a südkoreanesch Kultur hei am Land
De Chômage geet an d'Luucht, mee firwat?
Mir froen d'Direktesch vun der ADEM, d'Isabelle Schlesser.
Wat ass eigentlech d'Vierschanzentournee?
Den Owend ass den Optakt vun der 74. Editioun vun der Vierschanzentournee. Fir Fans vum Schisprangen ass dëst Event ronderëm de Joreswiessel eent vun den Highlighte vum Joer.
Waasserkillsystem fir Google-Datenzenter gouf verworf
Dat geet aus der Ëmweltimpaktetude zum Projet ervir, déi den Ëmweltministère Mëtt Oktober verëffentlecht huet. De Jacques Ganser huet d'Dokument méi genee ënner d'Lupp geholl.
Editioun 08:15
Mat de Sujete Réckbléck op d'Geriichtsprozesser vum Joer, encadréiert Wunne fir Drogenofhängeger zu Déifferdeng a Waasserbüffelen zu Schëffleng
"Trounwiessel" ass d'Wuert vum Joer 2025
Wéi a firwat ass de Choix dorop gefall, dat froe mir den Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Alexandre Ecker.
Mattis Noël
Wat si Fuerderungen, Problemer a Suerge vun de Lëtzebuerger Studenten? Froen un den neie President vun der Studentevereenegung ACEL