Episoden
D'Jenny Gloden leeft 10 Méint no der Gebuert vun hirem 1. Kand Beschtzäiten
De Maurice Molitor freet d'Laangstreckeleeferin, wéi dat hir gelongen ass.
Mercosur-Accord: Hunn d'Lëtzebuerger Bauere sech domat offonnt?
Mir froen de President vun der Bauerenzentral, de Christian Wester, ob hien drop hofft, datt den Accord awer nach gekippt gëtt.
Editioun 8h15
De Fall vun engem Mann, deen déi russesch an déi belsch Nationalitéit huet an zu Lëtzebuerg schafft, an deen a Russland festgeholl gouf, schléit héich Wellen an den Zeitungen
Pann bei LuxTrust: En "Defekt beim Equipement" war d'Ursaach
Déi Prezisioun gëtt de Serge Allegrezza, de President vum LuxTrust-Verwaltungsrot, am 100,7-Interview.
Thomas Kauffmann
Den Direkter vu CARE Lëtzebuerg iwwer d'Geschicht, d'Philosophie an d'Aarbecht vu senger ONG.
2025: E mouvementéiert Joer am Lëtzebuerger Fussball
2025 war e Joer, an deem bei der FLF vill lass war, bei de Männer éischter negativ - bei de Fraen éischter positiv.
Editioun 7h15
De Prozess ronderëm den Doud vum klenge Jong um Stater Chrëschtmaart kéint eng politesch Dimensioun kréien, well d'Stater Buergermeeschtesch soll probéiert hunn, Afloss ze huelen.
Schutzstatus vum Wollef héichhalen
Méi wéi 200 europäesch Ëmwelt- an Naturschutz-Organisatiounen appelléieren un d'EU-Ëmweltministeren de Schutzstatus vum Wollef net erofzesetzen.
30 Joer MEGA - Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité
Zënter 1995 gëtt et zu Lëtzebuerg e Fraen-, duerno Gläichstellungs- an elo Diversitéits-Ministère. Wat huet e bruecht? Wat muss en nach fäerdeg brengen?
Editioun 8h15
De Premier Luc Frieden kuckt op e mouvementéiert Joer zeréck an d'Probleemer op der Uni Lëtzebuerg wiere vill méi déif, wéi bis elo ugeholl, si wiere systeemesch.
Mannerjäreger am Prisong
De Procureur d'Etat David Lentz erkläert, firwat am Moment esou vill Mineuren zu Schraasseg sëtzen.
Marc Schreiner
No 36 Joer un der Spëtzt vum Paralympesche Comité gëtt de Marc Schreiner d'Presidence elo of. Am Interview zitt hien e mitigéierte Bilan.
Neie Lëtzebuerger FIFA-Arbitter
De Loïc Thomas ass elo ee vun den dräi Lëtzebuerger FIFA-Schidsriichteren am Fussball. Am Interview erkläert dee 26 Joer jonken Arbitter, wat elo op hien duerkënnt.
Editioun 7h15
De Premier Luc Frieden kuckt op d'Joer zeréck an déi turbulent Wochen: wann ee Premier ass, hätt een net als iewescht Zil, beléift ze sinn, mee déi schwiereg Dossieren unzepaken.
Editioun vum Weekend
Antisemitismus zu Lëtzebuerg, Mobbing op der uni.lu a Strait uechter d'Gemengen: dat sinn d'Theemen an der Press vum Weekend
Boykott géint atHome.lu: eng Rei Agencë maachen net méi mat
Mir hunn elo den Immobilienagent Mikael Eires zougeschalt, mat deem mir iwwer d’Hannergrënn schwätzen.
Ukrain-Suen: EU gëtt sech eens, mee Merz a von der Leyen stiechen Néierlag an
Déi russesch Staatssue bleiwen agefruer, mee d'Ukrain kritt déi Suen, déi d'Land brauch - dat ass d'Resultat vum EU-Sommet zu Bréissel.