Episoden
Editioun vum Weekend
Grenzkontrollen, genmodifizéiert Liewensmëttel, eng scheinbar Frankophoniséierung an d'Friddensverhandlungen am Ukrainkrich: dorëms geet et dëse Weekend an der nationaler Press.
De Restaurant Madame Witzeg - wat bedeit Inklusioun?
Zanter bal dräi Joer ginn am Restaurant zu Bieles Inklusioun a gudde Kascht kombinéiert.
Wéi hält een ee méi klenge Chrëschtmaart um Liewen?
De Stengeforter Chrëschtmaart gëtt et zanter méi wéi 20 Joer, och ouni grouss a blénkeg Attraktiounen. Wéi kritt een dat hin? Mir schwätze mat Vertrieder vun der Entente doriwwer.
Wichteg Ofstëmmung am Bundestag
Dat däitscht Parlament stëmmt haut iwwer de sougenannte Rentepak of. De Vott gëtt en Test fir d'Regierungskoalitioun. Explikatioune vum 100,7-Korrespondent Matthias Kirsch
Editioun 08:15
E Réckruff fir Diabeetiker, Revendicatioune vun de Gesondheetslaboen a bosseg Googleresultater, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Israel dierf weider beim ESC dobäi sinn - wéi sinn d'Reaktiounen?
Op der Generalversammlung vun der EBU huet sech gëschter Owend eng Majoritéit fir déi nei ESC-Reegelen ausgeschwat. Domat gouf net méi iwwer en Auschloss vun Israel ofgestëmmt.
Maurice Bauer
Méi Ausgabe fir d’Defense, d’Pensiounen oder nach Stroumnetzkäschten - misst een net méi virsiichteg sinn? Doriwwer schwätze mir mam CSV-Deputéierte a Rapporter vum Budgetsprojet.
Budget 2026
Wat steet an den Avisen? D'Haaptmessagë vun Handels-, Handwierker a Salariatskammer no hirer Analys vum Budgetsprojet fir d'nächst Joer
Editioun 07:15
D'Fro nom Gesondheetssystem, ee verschwonnene Kandidat zu Käerjeng an Onzefriddenheet bei de Baueren, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Iwwer 9.000 Kanner hunn dem Kleesche geschriwwen
Dem Kleesche säi Sekretariat huet an de leschte Wochen d'Hänn voll ze di gehat. Iwwer 9.000 Bréiwer kruten de Kleeschen an den Houseker vu Lëtzebuerg aus geschéckt.
Wéi geféierlech ass de Bësch?
De Venant Krier, President vun der Associatioun Lëtzebuerger Privatbësch, reagéiert op eng Petitioun déi verlaangt, datt futtis Beem laanscht Bëschweeër mussen ewechgeholl ginn.
Lëtzebuerg brauch bis 2040 335.000 nei Talenter
Der Chambre de Commerce no bräicht de Lëtzebuerger Aarbechtsmarché bannen deenen nächste 15 Joer 335.000 nei Rekrutementer a bezitt sech dobäi op Zuele vun der IGSS.
Editioun 08:15
De Joresrapport vum Ombudsmann, e Bushoraire, dee fir Kritik suergt an e Sportminister an de Laberenten, dat sinn d'Theemen an eiser Presserevue.
Projet Sportsmusée op Äis?
No engem Artikel op reporter.lu ass de Sportminister Georges Mischo ënner Drock, well hien de Projet net ausgeschriwwen hat. D'LSAP-Deputéiert Liz Braz verlaangt Konsequenzen.
Meris Sehovic
Wat bedeit déi franséisch Alphabetiséierung fir esou eng grouss an divers Gemeng wéi Esch-Uelzecht? Dat froe mir dee gréngen Escher Schoulschäffen an Deputéierten.
Alphabetiséierung op Franséisch
E puer Extraiten aus de Rieden, déi gëschter am Kader vun der Debatt iwwer de Projet Alpha am Chamberplenum gehale goufen.
Editioun 07:15
Waarden op eng Vereedegung, e Sportminister, deen ugeziilt ass an e Kandidat fir d'Wuert vum Joer, dat sinn d'Theemen an eiser Presserevue.
COP20: Wat hu Sträichinstrumenter mam Aarteschutz ze doen?
Wat kéint eng Verschäerfung vun den Handlungsreegelunge vum sougenannte Paubrasilia-Holz fir Museker:inne bedeiten?