D’USA hunn der Ukrain vill méi gehollef wéi anerer: Dat huet den US-President Donald Trump an der Lescht méi wéi eng Kéier behaapt. “Mir hunn iwwer 300 Milliarden Dollar ausginn, Europa nëmme ronn 100 Milliarden”, dat wier eng grouss Differenz”, sot hien zum Beispill am Februar, wéi de franséische President Emmanuel Macron bei him zu Washington op Besuch war. Hie sot och, datt déi europäesch Hëllef am Contraire zu där amerikanescher haaptsächlech aus Prête bestoe géif, déi duerno missten zeréckbezuelt ginn. Dat sinn alles Aussoen, déi dono jäizen, hannerfrot ze ginn. De Radiosreseau Euranet Plus, bei deem och de radio 100,7 Member ass, huet dofir och e Faktencheck gemaach, dee vun enger Journalistin koordinéiert gouf, déi zu Lëtzebuerg opgewuess ass an elo zu Paräis lieft: der Nina Lamparski.
USA oder EU: wien hëlleft der Ukrain méi?
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Nina Lamparski (Foto: AFP)
mic_none
Presentéiert vum
- Maurice Molitor
Episoden
Feierbakterien a Wéngerten: Regierung versprécht Kompensatiounen
Wat ass geplangt fir betraffe Wënzer ze entschiedegen an eng weider Verbreedung vun de Bakterien ze verhënneren? Froen un d'Wäibauministesch Martine Hansen.
Bakteriebefall beonrouegt d'Wënzer
D'Nouvelle vun der Präsenz vu Feierbakterien a verschiddene Wéngerten huet de President vum Wënzerverband Paul Funck komplett iwwerrascht. A se mecht him Suergen.
Soll Lëtzebuerg selwer Sanktioune géint Israel huelen?
D'LSAP, déi gréng an déi Lénk soe Lëtzebuerg soll net méi op aner EU-Länner waarde fir ze handelen. Mee wéi steet d'DP dozou? Mir froen hiren aussepolitesche Spriecher Gusty Graas.
Mc-collection.lu: Eng nei Online-Gallerie fir Lëtzebuerger Konscht
Mir hunn nogefrot, wéi eng Wierker do ausgestallt ginn.
Nei am Kino: Des Filmer lafen haut un
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Resistenzmusée: Nei Directrice, identeschen Optrag
Den 1. Oktober huet d'Elisabeth Hoffmann de Frank Schroeder un der Spëtzt vum Musée national de la Résistance et des Droits Humains ofgeléist.
Geet de Schülerprotester a Frankräich d'Loft aus?
Mir froen eise Korrespondent Max Tholl.
Walrecht vu 16 Joer un: Ass d'CSJ vun hirer Mammepartei enttäuscht?
Mir hunn den CSJ-President Metty Steinmetz gefrot.
Chamber: Pirate gi sanktionnéiert
D'Presidentekonferenz vum Parlament huet, wéinst net-korrektem Ëmgang mat ëffentleche Suen, Strofe géint déi zwee Piraten-Deputéiert décidéiert. D'Reaktioun vum Marc Goergen.
Kënnt et zu engem Exit vum Brexit?
Den neie brittesche Premier Andy Burnham betount, hie wéilt d'Relatioune mat der EU nees verbesseren. Mir froen eis Korrespondentin, wéi wäit déi Iwwerleeunge ginn.
Psychesch krank Mënschen doheem begleeden
De Service SPAD vun der Rehaklinik vum Ettelbrécker CHNP geet bei Leit heem, déi Verhalensstéierungen, Schizophrenie oder eng Suchterkrankung hunn. Wat huet dat fir Virdeeler?
Filmtipp: "On sera heureux"
Zwee homosexuell Flüchtlingen a Kanada, Liibesgeschichten a Loyalitéitskonflikter...
Serge Wilmes: “D’EU soll méi bescheiden op der Cop31 optrieden”
D’EU pocht drop, datt de Klima-Accord, sou wéi en 2015 zu Paräis ofgemaach gouf, och ëmgesat gëtt. Déi Positioun wëll d’EU op der Weltklimakonferenz zu Antalya vertrieden.
Mental Gesondheet no der Gebuert: Hiewamme fuerdere besser Betréiung
D'Lëtzebuerger Asscoiatioun vun den Hiewamme fuerdert, datt Fraen an der Schwangerschaft an direkt no enger Gebuet eng besser Betreiung a punkto mental Gesondheet kréien.
Demokratie ënner Drock: Table ronde zum Theema Desinformatioun
Wéi verbreet sech Desinformatioun? Wéi erkennt ee se? A wat kann ee géint se maachen? D'Verbreede vu geziilte Falschinformatioune war nach ni esou einfach
Biodiversitéit: Vill schlecht, an e puer gutt Noriichten
Weltwäit ass de Bestand u wëllen Déieren an hire Liewensraim zënter Joerzéngten amgaang méi kleng ze ginn, weist een neie WWF-Rapport. Wéi ass d'Lag zu Lëtzebuerg?
cyberfraud.lu: Informatioun a Guidance bei Online-Bedruch
Et gëtt ëmmer méi schwéier fir den Iwwerbléck ze behalen a sech selwer a seng Suen ze schützen. En neit Internetportal zentraliséiert all Informatiounen dozou
Wat ass haut eng gutt Schoulbibliothéik?
Den Direkter vun der Nationalbibliothéik, de Claude D. Conter, fuerdert, datt d'Schoulbibliothéike gestäerkt ginn. Mee wat heescht dat?
Walrecht vu 16 Joer un: Wat seet d'DP?
Eng ganz Rei DP-Buergermeeschteren ënnerstëtzen d'Fuederung fir scho bei den nächste Gemengewalen e Walrecht ab 16 anzeféieren. Wat seet d'Parteipresidentin Carole Hartmann dozou?