Konscht, Frëndschaft an Turbulenzen

headphones

15 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

A sengem neie Buch "Wim Delvoye et moi" schwätzt den Enrico Lunghi iwwer vill méi wéi just seng Frëndschaft mam belsche Kënschtler.

_______________________________________

An deem Kontext des « Information postérieure », déi de Radio 100,7 verflicht ass ze publizéieren. Déi fréier RTL-Journaliste Sophie Schramm a Marc Thoma sou wéi de fréieren RTL-Direkter Alain Berwick beruffe sech op d’Gesetz vun 2004 iwwer d’fräi Meenungsäusserung an de Medie fir Positioun ze huelen zu Aussoen um Radio 100,7 an op 100komma7.lu. Am Zentrum vun där Affär am Joer 2016 stoung en Extrait aus engem Tëleesinterview, an deem 28 Sekonnen op eng Aart a Weis erausgeschnidde waren, datt dëst fir de Spectateur net ze erkenne war. Dëst gouf vum Presserot als e Verstouss géint d’journalistesch Deontologie a vum Medieregulateur ALIA als e Verstouss géint d’gesetzlech Verflichtunge vum engem Televisiounssender zu Lëtzebuerg gewäert.

An hirer Information postérieure bezéien d’Signatairë sech net op déi Decisiounen, mee op de Presseprozess, dee virun engem Strofgeriicht war, wat zu Lëtzebuerg absolut aussergewéinlech ass. Presseprozesser sinn normalerweis virun den Zivilgeriichter. An dësem Prozess, deen also no de Prozeduren a Krittäre vum Droit penal gefouert gouf, sinn déi dräi Ugekloten an zweeter Instanz fräigeschwat ginn.

Affär RTL-Lunghi-D'Aussoen op 100,7 am Liicht vum definitiven Arrêt vum 3. Juni 2026

An de Sendunge vum 3. Dezember 2016, dem 28. Februar 2023, dem 12. Mee 2024 an dem 17. Mee 2025 goufen an der Causa RTL-Lunghi op 100,7 schwéier Uschëllegunge géint RTL, d'Journaliste Sophie Schram, Marc Thoma an den deemolegen CEO vun RTL, Alain Berwick, gemaach.

Den definitiven Arrêt vun der Cour d'appel vum 3. Juni 2026 mécht et dofir noutwendeg, d‘Aussoen op 100,7 an der causa RTL-Lunghi mat de geriichtleche Feststellungen ze konfrontéieren.

Den 3. Dezember 2016 an der Sendung „Richt eraus“ sot de Jürgen Stoldt iwwer d'Interviewmethod vun der RTL-Sendung Nol op de Kapp:

"Dozou gehéiert och, datt an Interviewen „Fangfroen“ dacks widderholl ginn, fir datt d'Persoun, déi ee wëllt an den Eck drécken, iergendwann eppes vu sech gëtt, wat ee ka benotzen."

D'Josée Hansen huet an dër selwechter Sendung de Montage vun RTL esou definéiert: 

"Am Fong wier de Problem net d’Interviewtechnik, mee de Montage, deen dozou gefouert hätt, datt ee mengt, den Enrico Lunghi wier ee Monster dee géif Meedercher iessen."

Mat dëse Behaaptunge gouf suggeréiert, d'Sophie Schram hätt den Enrico Lunghi an eng Fal lackele wëllen, an de Montage hätt d'Realitéit verzerrt.

Den 28. Februar 2023 beim Optakt vum Prozess RTL-Lunghi, huet de Jacques Ganser op 100,7 gesot: 

"Et bleift onkloer ob d‘Journalistin wierklech beim Interview blesséiert gouf. (...) Den Enrico Lunghi hat de Verdacht, datt et sech ëm e coup monté wéinst senge kënschtleresche Choixen handelt a mécht Plainte."

Mat Referenz op den disziplinaresche Rapport vum zoustännege Regierungskommissär huet et geheescht: 

"E kënnt zur Conclusioun, datt am Montage vum RTL-Reportage Bild an Toun esou zesummegesat gi sinn, datt se e falscht Bild vun der Situatioun ofginn. Et gouf also gefuddelt, wat am Journalismus e No-Go ass."

An der Sendung vum 12. Mee 2024 vum Luc Spada mam Enrico Lunghi huet etgeheescht:

"Déi Blessuren, dat ass wierklech alles erfonnt (...) Also de Reportage brauch een am Detail e Moment auserneen ze huelen, da mierkt een, datt vum Titel bis de leschte Saz bannen näischt richteg ass, oder erfonnt oder gelunn." 

Genee ee Joer méi spéit, an der Sendung vum 12. Mee 2025 huet de Maurice Molitor an engem Interview den Här Lunghi gefrot:

"Hutt der ären Deuil eigentlech gemaach?" 

Den Enrico Lunghi äntwert:

"Et leit een ëmmer drënner. Ech well just, datt d'Wourecht gesot gëtt. Ech hunn der Mme. Schram net wéi gedoen, de ganze Reportage am Nol ass op Ligen opgebaut."

Den Arrêt nr: 278/26 X vun der Cour d'appel vum 03. Juni 2026 widderleet déi zentral Virwërf an Uschëllegungen, déi an de genannte Sendungen op 100,7 erhuewe goufen.

1. D'Virwërf vun enger Manipulatioun, engem „falsche Montage“ oder engem „Coup monté“

« Il ne ressort d'aucun élément du dossier répressif que si les 28 secondes étaient restées dans le reportage, le public aurait pu avoir une impression moins négative du comportement d'Enrico LUNGHI. La coupure de 28 secondes a partant été faite à bon droit ».

2. D'Behaaptung, d'Blessure vun der Journalistin wier „alles erfonnt“

« La Cour constate encore que les blessures subies par Sophie Schram sont dûment établies par les certificats médicaux régulièrement versés aux débats. Elle observe par ailleurs que l’incident à l’origine des ses lésions a fait l’objet d’une reconnaissance officielle en tant qu’accident du travail par l’Association d’assurance accident ».

3. D’Behaaptung, de Reportage wier op Lige gebaut

« La Cour d'appel retient que Sophie SCHRAM et Marc THOMA ont diffusé le reportage, sans qu’il n’y ait eu dépassement des limites de la liberté d'expression. (…) L’intention méchante ne saurait être retenue en l’espèce, le reportage litigieux reposant sur des éléments factuels établis et ne dépassant pas le cadre d’une critique journalistique sur un sujet d’intérêt général et partant ce qui doit être admis dans le cadre de la liberté d’expression. »

4. De Virworf vun enger bewosst inzenéierter Schiedegungsabsicht

« La Cour constate cependant qu’il ne ressort pas du reportage litigieux exprimé par ces derniers qu’ils avaient eu l’intention de nuire à la personne d'Enrico Lunghi en soi et d’exposer celui-ci au mépris public. Bien au contraire (…) La Cour retient que l’intention méchante ne saurait être retenue en l’espèce. »

5 Déi strofrechtlech Schlussfolgerung

« L’un des éléments constitutifs des infractions de calomnie, respectivement de diffamation, sinon d’injure-délit faisant défaut, celles-ci ne sauraient être retenus à l’encontre des prévenus »

Conclusioun: Déi deemoleg Journaliste Marc Thoma, Sophie Schram an de fréieren RTL-CEO Alain Berwick goufen op der ganzer Linn fräigesprach. Domadder widderleet den Arrêt vun der Cour d'Appel vum 3. Juni 2026 déi zentral Accusatiounen, déi op 100,7 verbreet goufen.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Nei am Kino: Des Filmer lafen haut un

Nei am Kino: Des Filmer lafen haut un

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
headphones

5 min

play_arrow
Resistenzmusée: Nei Directrice, identeschen Optrag | © Fondation Musée National de la Résistance et des Droits Humains

Resistenzmusée: Nei Directrice, identeschen Optrag

Den 1. Oktober huet d'Elisabeth Hoffmann de Frank Schroeder un der Spëtzt vum Musée national de la Résistance et des Droits Humains ofgeléist.
headphones

14 min

play_arrow
Geet de Schülerprotester a Frankräich d'Loft aus? | © EPA/FIRAS ABDULLAH

Geet de Schülerprotester a Frankräich d'Loft aus?

Mir froen eise Korrespondent Max Tholl.
headphones

5 min

play_arrow
Walrecht vu 16 Joer un: Ass d'CSJ vun hirer Mammepartei enttäuscht? | © Chris Zeien

Walrecht vu 16 Joer un: Ass d'CSJ vun hirer Mammepartei enttäuscht?

Mir hunn den CSJ-President Metty Steinmetz gefrot.
headphones

6 min

play_arrow
Chamber: Pirate gi sanktionnéiert

Chamber: Pirate gi sanktionnéiert

D'Presidentekonferenz vum Parlament huet, wéinst net-korrektem Ëmgang mat ëffentleche Suen, Strofe géint déi zwee Piraten-Deputéiert décidéiert. D'Reaktioun vum Marc Goergen.
headphones

7 min

play_arrow
Kënnt et zu engem Exit vum Brexit? | ©  EPA/NEIL HALL

Kënnt et zu engem Exit vum Brexit?

Den neie brittesche Premier Andy Burnham betount, hie wéilt d'Relatioune mat der EU nees verbesseren. Mir froen eis Korrespondentin, wéi wäit déi Iwwerleeunge ginn.
headphones

5 min

play_arrow
Psychesch krank Mënschen doheem begleeden | © Radio 100,7

Psychesch krank Mënschen doheem begleeden

De Service SPAD vun der Rehaklinik vum Ettelbrécker CHNP geet bei Leit heem, déi Verhalensstéierungen, Schizophrenie oder eng Suchterkrankung hunn. Wat huet dat fir Virdeeler?
headphones

12 min

play_arrow
Filmtipp: "On sera heureux" | © Iris Productions - Lyla Films - Tarantula

Filmtipp: "On sera heureux"

Zwee homosexuell Flüchtlingen a Kanada, Liibesgeschichten a Loyalitéitskonflikter...
headphones

3 min

play_arrow
Serge Wilmes: “D’EU soll méi bescheiden op der Cop31 optrieden” | © Radio 100,7

Serge Wilmes: “D’EU soll méi bescheiden op der Cop31 optrieden”

D’EU pocht drop, datt de Klima-Accord, sou wéi en 2015 zu Paräis ofgemaach gouf, och ëmgesat gëtt. Déi Positioun wëll d’EU op der Weltklimakonferenz zu Antalya vertrieden.
headphones

5 min

play_arrow
Mental Gesondheet no der Gebuert: Hiewamme fuerdere besser Betréiung | © picture alliance / dpa | Matthias Balk

Mental Gesondheet no der Gebuert: Hiewamme fuerdere besser Betréiung

D'Lëtzebuerger Asscoiatioun vun den Hiewamme fuerdert, datt Fraen an der Schwangerschaft an direkt no enger Gebuet eng besser Betreiung a punkto mental Gesondheet kréien.
headphones

4 min

play_arrow
Demokratie ënner Drock: Table ronde zum Theema Desinformatioun | © Luca Di Santolo

Demokratie ënner Drock: Table ronde zum Theema Desinformatioun

Wéi verbreet sech Desinformatioun? Wéi erkennt ee se? A wat kann ee géint se maachen? D'Verbreede vu geziilte Falschinformatioune war nach ni esou einfach
headphones

4 min

play_arrow
Biodiversitéit: Vill schlecht, an e puer gutt Noriichten | © Bigstock

Biodiversitéit: Vill schlecht, an e puer gutt Noriichten

Weltwäit ass de Bestand u wëllen Déieren an hire Liewensraim zënter Joerzéngten amgaang méi kleng ze ginn, weist een neie WWF-Rapport. Wéi ass d'Lag zu Lëtzebuerg?
headphones

13 min

play_arrow
cyberfraud.lu: Informatioun a Guidance bei Online-Bedruch

cyberfraud.lu: Informatioun a Guidance bei Online-Bedruch

Et gëtt ëmmer méi schwéier fir den Iwwerbléck ze behalen a sech selwer a seng Suen ze schützen. En neit Internetportal zentraliséiert all Informatiounen dozou
headphones

7 min

play_arrow
Wat ass haut eng gutt Schoulbibliothéik? | © Jo Diseviscourt

Wat ass haut eng gutt Schoulbibliothéik?

Den Direkter vun der Nationalbibliothéik, de Claude D. Conter, fuerdert, datt d'Schoulbibliothéike gestäerkt ginn. Mee wat heescht dat?
headphones

11 min

play_arrow
Walrecht vu 16 Joer un: Wat seet d'DP? | © Jo Diseviscourt

Walrecht vu 16 Joer un: Wat seet d'DP?

Eng ganz Rei DP-Buergermeeschteren ënnerstëtzen d'Fuederung fir scho bei den nächste Gemengewalen e Walrecht ab 16 anzeféieren. Wat seet d'Parteipresidentin Carole Hartmann dozou?
headphones

7 min

play_arrow
Mam Serge Tonnar: Am Chouer fir d'mental Gesondheet sangen | © Chris Zeien

Mam Serge Tonnar: Am Chouer fir d'mental Gesondheet sangen

De bekannte Museker sensibiliséiert dëse Weekend mat engem Videotournage fir d'mental Gesondheet. A jidderee ka matmaachen.
headphones

8 min

play_arrow
FC UNA Stroossen: Deen aktuell spannendste Veräin am Lëtzebuerger Fussball | © FC UNA Straassen

FC UNA Stroossen: Deen aktuell spannendste Veräin am Lëtzebuerger Fussball

2015 ass de de Club an d'BGL Ligue opgestiegen, huet sech do fest etabléiert an zielt elo zu de Spëtzeveräiner. E Gespréich mam President Luc Hilger.
headphones

12 min

play_arrow
"Schëdde" fir de Nëssmaart | © Max Voncken

"Schëdde" fir de Nëssmaart

E puer Dose Fräiwëlleger hu sech tëschent Bettel a Furen op enger gespaarter Landstrooss getraff fir Nëss ze rafen - "ze schëdde", wéi si et nennen. Mir ware mat dobäi.
headphones

5 min

play_arrow
3 Joer Remboursement vun der Psychotherapie: Et bleiwe grouss Hürden

3 Joer Remboursement vun der Psychotherapie: Et bleiwe grouss Hürden

Zënter 2023 gëtt d'Psychotherapie vun der CNS rembourséiert, mee d'Hürde bleiwe grouss. An och d'Konventioun tëschent der FAPSYLUX an der CNS léisst op sech waarden.
headphones

6 min

play_arrow
Literatur-Nobelpräis: Wéi zougänglech ass d'Wierk vun der Anne Carson? | © EPA/TOLGA AKMEN

Literatur-Nobelpräis: Wéi zougänglech ass d'Wierk vun der Anne Carson?

Mir froen d'Schauspillerin Pascale Noé Adam, déi viru Kuerzem nach en Theaterstéck vun der Anne Carson opgefouert huet.
headphones

7 min

play_arrow