An der Abtei Neimënster gëtt haut den Owend (20.11.) un de John Castegnaro erënnert, dee fréieren OGBL-President, deen 2012 gestuerwen ass. De LISER an den Institut Pierre Werner invitéieren zesummen op eng Diskussiounsronn, un där ë. a. de Jean-Claude Juncker, d’Colette Flesch an de Guy Castegnaro (Fils vum John) iwwer déi aktuell Erausfuerderunge vum Aarbechtsmaart an de Sozialdialog diskutéieren. An natierlech wäert iwwer deem ganzen Owend d’Fro schwiewen: wat géif de John Castegnaro wuel doriwwer denken an dozou soen, wann hien haut nach do wier?
Wat géif de Casteg soen?
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
John Castegnaro (Foto: Archiv)
mic_none
Presentéiert vum
- Maurice Molitor
Episoden
Hoffnung op weider Gespréicher
Et gëtt Hoffnung, datt eng nei Ronn Gespréicher tëschent den USA an dem Iran schonn dës Woch kéint stattfannen.
Kapverdianesch Migratioun op Lëtzebuerg
An enger éischter Publikatioun huet deen neie Léierstull fir Geschicht a Migratiounen op der uni.lu sech mat der kapverdianescher Presenz hei am Land befaasst.
Ëmweltminister Wilmes: Den Dram vun enger propperer Uelzecht
D'Ambitioun sollt sinn, datt een nees an der Uelzecht ka schwammen, seet de Serge Wilmes.
11 nei Lycéeë bis 2050
Den Educatiounsminister Claude Meisch gëtt Erklärungen iwwer déi sëllegen Infrastrukturprojeten, mat deenen de Manktem u Schoulraum soll behuewe ginn.
Theater-Tipp: Ivanov
De Jeff Schinker iwwer der Myriam Müller hir Inzenéierung vum Tschechow-Stéck am Stater Theater
Filmtipp: "Ghost Elephants"
A sengem Documentaire begleet de renomméierte Cineast Werner Herzog d'Sich no enger mythescher Elefantenzort.
Gallo-Réimeschen Theater zu Duelem
Wosst Dir, datt et zu Duelem ee réimeschen Theater aus dem Joer 10 viru Christus gëtt?
De Krich am Sudan geet a säi 4. Joer
... mat katastrophale Konsequenze fir déi zivil Populatioun: 30 Millioune Leit leiden Honger. Explikatioune vum Thomas Kauffmann vun der ONG Care Lëtzebuerg
No de Walen an Ungarn: gëtt elo nees alles gutt?
D'CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima freet sech iwwer de Walausgang, weist awer drop hin, datt d'Orban-Vermächtnis net vun haut op muer aus der Welt ze schafen ass.
No Orbán-Out: Ungarn an d'EU sti virun intensiven Debatten
Zu Bréissel gëtt erliichtert op d'Victoire vum Oppositiounsleader Peter Magyar an Ungarn reagéiert. Mee wéi séier kënnen dann elo Blockagen opgehuewe ginn?
Wéi attraktiv ass d'Aarbechtsplaz Lëtzebuerg?
Ëmmer manner Leit aus den Nopeschlänner kommen op Lëtzebuerg schaffen - dofir ëmmer méi Leit aus net-EU-Staaten, esou eng Etüd vum LISER.
Gallo-Réimeschen Theater zu Duelem
Wosst Dir, datt et zu Duelem ee réimeschen Theater aus dem Joer 10 viru Christus gëtt?
Ungarn: Lëtzebuerger Deputéiert hunn d'Walen als Observateure suivéiert
Wéi huet hir Missioun genee ausgesinn? An ass alles regulär ofgelaf? Mir froen de Gilles Baum vun der DP, ee vun den 3 Lëtzebuerger Observateuren.
En neie Masterplang fir d'Touristeregioun Éislek
Wéi wëllt d'Regioun am Norde vum Land sech zukünfteg ausriichten a wat ass vun der Vakanzesaison 2026 ze erwaarden? Doriwwer schwätze mir mat der Lynn Schüssler vum ORT Éislek.
Wat huet déi éischt bemannte Moundmissioun zënter 50 Joer bruecht?
Mir froen den Eric Buttini, Astrophysiker am Naturmusée.
Nei Podcast-Serie: Ass d'Uelzecht nach ze retten?
Am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast, gi mir der Uelzecht op d'Spuer. Elo sinn déi éischt Episoden disponibel.
Wéi geet et no de gescheiterte Friddensverhandlungen am Irankrich weider?
Mir froen eise Korrespndent Philip Crowther op der Plaz.
Lëtzebuerger Jugendorchester live um Opus
Erlieft de Fréijoersconcert vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg live um Opus!
Héich Bensinnspräisser: Ass de Vëlo eng Alternativ zum Auto?
Mir schwätze mam Simon Hoffmann vun der ASBL ProVelo.