Zanter Mëtt Mee gouf et iwwer 2.500 Doudesfäll an déi liewensgeféierlech Krankheet breet sech ëmmer nach weider aus. Laut de Vereenten Natiounen ass an Tëscht eng Fläch betraff, méi grouss ewéi Frankräich.
Médecins sans frontières bedreift aktuell 6 Traitementszentren a betraffene Géigenden an huet 1.400 Mataarbechter op der Plaz. Een dovun ass an der Provënz Ituri, am Oste vum Land, dem Epizenter vun der Epidemie. Mir hu mam Pierre Boulet-Desbareau, chef de mission vu Médecins sans frontières zu Bunia, der Haaptstad vun Ituri, iwwert d’Situatioun op der Plaz geschwat.