Wéi verbreet sech Desinformatioun? Wéi erkennt ee se? A wat kann ee géint se maachen? E ganz aktuelle Sujet, well d’Verbreede vu geziilte Falschinformatiounen nach ni esou einfach war – wéinst de Soziale Medien, Populismus a Kënschtlecher Intelligenz.
Am Kader vun der aktueller Ausstellung vun ënner anerem der schwäizer Ambassade an der Uni Lëtzebuerg iwwer d’Roll vum Journalismus war dës Woch eng Table ronde zum Theema, mam Constat, datt besonnesch d’Covid-Pandemie en neie Moment am Beräich vun der Desinformatioun war.