Gëschter viru genee 151 Joer ass den Charles Ives op d’Welt komm. An deen Numm, dee kennt een an der Welt vun der klassescher Musek. Hie war een amerikanesche Komponist an ee vun de Pionéier vun der moderner klassescher Musek: Charles Ives.
Gebuer ass hien op engem 20. Oktober 1874 zu Danbury, am Bundesstaat Connecticut. Musek huet hie fréi geléiert, an zwar vu sengem Papp – dee war e Militärmuseker an e grousse Fan vu musikaleschem Experimentéieren. An esou huet den Charles Ives als Bouf zum Beispill geléiert, De wéi et kléngt, wann zwou Museksgruppe verschidde Stécker gläichzäiteg spillen – an dat ass eppes, wat dann dono säi Markenzeeche ginn ass. Hien huet zum Beispill amerikanesch Vollekslidder mat Kierchestécker a Marschen matenee kombinéiert. D’Resultat war eng Musek voller Villstëmmegkeet, Geräischer an engem klanglechen Duercherneen. An dat war deemools esou innovativ, datt seng Musek dacks als "ze komplizéiert" oder "ze chaotesch" ugesi gouf.
Spéider huet hien da Musek studéiert, mee hien huet sech awer entscheet am Versécherungssecteur ze schaffen. Hien hat ni als Zil, grouss beléift ze ginn als Komponist, hie wollt einfach seng Gedanken- a Gefillswelt ausdrécken, an dat och wann se kritiséiert gëtt.