Déi spuenesch Popsängerin Rosalía huet en neien Album erausbruecht mam Titel “LUX,” deen an der internationaler Musekszeen, a virun allem an de Social Media, besonnesch vill Opmierksamkeet kritt. Op dësem Album fënnt ee sensibel Popballaden a Lidder, déi dozou opfuerdere matzedanzen, awer och Flamenco, dee matrappt a gefillsvolle Fado fannen hir Platz um Album. A wat besonnesch interessant ass, ass datt een och vill klassesch Influenzen erëmfënnt.
Grond genuch fir d’Cally Kerschen aus der Museksredaktioun vum 100,7 an d’Carole Mallinger aus der Opus-Redaktioun d’Käpp zesummenzestiechen a gemeinsam fir Iech e klengen Abléck an dëse besonneschen Album ze ginn. Am Harmonesche Moien schwätze si hei iwwer déi klassesch Elementer an Eegenschafte vun dësem Album.
Wann Dir nach en anere Bléckwénkel op dësen Album wëllt kréien, da kennt Dir och bei eis Kolleege vum Radio 100,7 an d'Mediathéik kucke goen. Do fannt Dir iwwer den Album “LUX” vun der Rosalía e Gespréich iwwer aner Aspekter vun dësem Album, do waren d'Cally Kerschen an d'Carole Mallinger op Besuch beim Maurice Molitor am Moiesstudio.