Dëse Samschdeg gëtt am Kinepolis um Kierchbierg an um Belval d’Oper “Arabella” vum Richard Strauss um groussen Ecran gewisen, an zwar als Live-Iwwerdroung aus der Metropolitan Opera vun New York.
An dëser Oper geet et ëm eng veraarmten Adelsfamill, mat zwou Duechteren, déi am Alter si fir bestuet ze ginn: Zdenka an eeben d’Arabella. An do entseet, wéi dacks an deene Geschichten, eng verwurrelt Libesgeschicht mat Mëssverständnisser an Dramaen.