Am leschten Episod vun der Serie “Fënster op” um Radio 100,7 ass et ëm déi südafrikanesch Communautéit hei zu Lëtzebuerg gaang. Am “Fënster op” ënnerhale mir eis all Woch mat Mënschen aus ënnerschiddleche Kulturen, deenen hire Wee si op Lëtzebuerg bruecht huet.
Am leschten Episod gouf an der südafrikanescher Communautéit nogefrot, ob et Plaze gëtt, op deenen si sech zesumme fannen? D'Beate Stiehler-Mulder konnt der direkt puer nennen.