Nordmazedonien ass e Binnestaat am Balkan am Südoste vun Europa, deen u Serbien, Bulgarien, Griichenland, de Kosovo an Albanie grenzt. D’Land ass 1991 onofhängeg ginn an dréit säin haitegen Numm eréischt zanter 2019 - virdru gouf et international dacks Former Yugoslav Republic of Macedonia gekannt.
D’Haaptstad Skopje ass déi gréisste Stad am Land an e wichtegt kulturellt a wirtschaftlecht Zentrum. Eng aner bekannt Plaz ass Ohrid, déi besonnesch touristesch wéinst hirem Séi an hirer aler Stad vill Leit unzitt.
Am 100,7-Podcast "Fënster op" huet sech de Cédric Reichel leschte Sonnde mat dräi Invitéeë getraff, déi Nordmazedonier sinn, mee a Lëtzebuerg liewen. An natierlech, ass et och ëm d'Iesse gaangen. Déi dräi erklären eis, wat iwwerhaapt traditionellt mazedonescht Iessen ass.