Ween ass d’Simone Asselborn Bintz? Virun allem eng Fra vun hirem Mann, Mamm vu Kanner. Oder: Virun allem eng Partnerin. Dat ass wichteg ze wëssen. Esou fänkt d’Sendung un. An sou geet et weider: Heiansdo wier si och gären e Mann. Dofir gëtt et och e Grond. De gitt dir dann exklusiv bei Fiasko Fest mam Luc Spada gewuer. Mee och: D’Sendung fänkt lëschteg un, mä wéi et sech fir Loser gehéiert, ass net ëmmer alles sou einfach: et muss ee Shitstormen aushalen, méi al ginn an ëmmer dru bleiwen.
Fiasko Fest - Simone Asselborn-Bintz
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Simone Asselborn-Bintz (Foto: Luc Spada)
Episoden
Ouer Op
Identitéin mam Anne Schaaf
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Just an dräi Gemengen hunn d'Kanner och samschdes Schoul
Fir d’Schoulkanner vu Géisdref, Parc Housen a Pëtschent ass de Stonneplang e bëssen anescht wéi am Rescht vum Land: Si ginn och samschdes an d'Schoul.
Filmtipp: "Naza"
D'Thes vun dësem brisanten Documentaire: Déi israelesch Arméi huet an der Gazasträif geziilt Zivilisten ëmbruecht.
Handwierk op Rieder
An de sougenannte "SkillsTrucks" solle Lycéesschüler verschidden Handwierksberuffer méi no bruecht kréien. Am Camion um Geesseknäppchen dréint sech alles ëm Holz a Metall.
Filmtipp: "Garance"
De sobere franséischen Drama zeechent de Portrait vun enger alkoholsüchteger Actrice - dem Michel Delage säi Kinostipp!
Film: "Ma Vie est un Défi"
E Film iwwer den Yves Auberson, deen trotz senger Parkinson-Erkrankung 1000 Kilometer duerch d'Alpe wandert.
Neit Podcast-Format: Den Zeenewiessel Portrait
Den Jamie Reinert huet d’Episod realiséiert a verréit, wat Iech hei erwaart.
En eenzegartege Fond zu Lëtzebuerg
Zu Veiane gouf de Kierfecht vum mëttelalterlechen Hospiz bei der Trinitarierkierch fräigeluecht. Zënter dem Summer goufe ronn 160 Skeletter fonnt. D'Ausgruewunge sinn nach amgaang.
Fanfare Remix: D'Fanfare vu Bouneweg an de Rotonden
D’Fanfare Municipale vu Bouneweg spillt de 26. September Klassiker aus der Welt vun der elektronescher Musek an de Rotonden. Dono gëtt et och nach eng After Party.
D'Drone-Problematik aus der Siicht vun de Fligerpiloten
Froen un de Paul Reuter, Luxair-Pilot a Vize-President vun der European Cockpit Association (ECA).
Filmtipp: "The Plague"
Matleefertum oder Courage fir sech dem Gruppenzwang z'entzéien? Dem Michel Delage säin aktuelle Kinostipp.
Geet eng reng Schoulflicht bis 18 Joer eleng duer?
D'Schoulflicht gëtt verlängert - wat brauch et nieft der Obligatioun, bis 18 Joer an d'Schoul ze goen, fir ee positiven Impakt op ënner anerem den Arbechtsmarché ze spieren?
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Theatersaison gëtt lancéiert
D'Lëtzebuerger Theaterfederatioun invitéiert den 18.09. op d'Place d'Armes op hiert traditionellt Theaterfest.
Liestipp: Felicitas Hoppe: Reisen
Déi richteg Lecture no der Vakanz...
Éischt Rentrée fir d'Luxembourg Music School
Dës Woch geet d’Schoul erëm un, an dat gëllt och fir d’Museksschoulen. Fir d'Luxembourg Music School ee ganz besonnesche Moment!
Montenegro: Mat Lëtzebuerg als Virbild 2028 an d’EU
Montenegro huet geliwwert, elo ass d’EU um Zuch, esou d’EU-Ministerin vum klenge Land um Balkan. Montenegro wëll 2028 volle Member vun der EU ginn. Mee wéi warscheinlech ass dat?
De Kiyan Agadjani iwwer d'Selbststännegkeet als Zenarist a Realisateur
D’Faszinatioun fir Film louch an der Famill an dofir war et fir hie kloer, dat och studéieren ze goen.