An der 100,7-Serie Fënster op goung et de Sonndeg ëm Albanien. An dëser Rubrik ënnerhale mir eis ëmmer mat Mënschen aus ënnerschiddleche Kulturen, deenen hire Liewenswee si op Lëtzebuerg bruecht huet.
Eng vum Cédric Reichel sengen Invitéë gesäit sech als Albanerin, kënnt awer den neie Grenzen no, elo aus dem Kosovo. Do freet ee sech natierlech, wéi een dann eng Connectioun mat sengem Heemechtsland behält.