Komesch, dat ass e Wuert, dat den Haaptzoustand vun der Julie Costa beschreift. Also wuel verstanen, net de Luc Spada, Moderator vu Fiasko Fest, géif seng Invitée esou bezeechnen, mee d’Chargée de communication an d’Creatrice vu "Luxemburg does it best" sech selwer. Gedriwwe vum Virwëlz an enger ënnerlecher Onrou erzielt si iwwer hiert Bedürfnis déi net latzeg Säite vu Lëtzebuerg ze weisen an deenen net ëmmer esou schéine Momenter als Jugendlech am Lycée, wou si eent vun deenen, Dir kennt Iech et sécher schonn denken, Komesche war.
Fiasko Fest mam Julie Costa
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
D'Julie Costa (Foto: Luc Spada)
Episoden
Handwierk op Rieder
An de sougenannte "SkillsTrucks" solle Lycéesschüler verschidden Handwierksberuffer méi no bruecht kréien. Am Camion um Geesseknäppchen dréint sech alles ëm Holz a Metall.
Filmtipp: "Garance"
De sobere franséischen Drama zeechent de Portrait vun enger alkoholsüchteger Actrice - dem Michel Delage säi Kinostipp!
Film: "Ma Vie est un Défi"
E Film iwwer den Yves Auberson, deen trotz senger Parkinson-Erkrankung 1000 Kilometer duerch d'Alpe wandert.
Neit Podcast-Format: Den Zeenewiessel Portrait
Den Jamie Reinert huet d’Episod realiséiert a verréit, wat Iech hei erwaart.
En eenzegartege Fond zu Lëtzebuerg
Zu Veiane gouf de Kierfecht vum mëttelalterlechen Hospiz bei der Trinitarierkierch fräigeluecht. Zënter dem Summer goufe ronn 160 Skeletter fonnt. D'Ausgruewunge sinn nach amgaang.
Fanfare Remix: D'Fanfare vu Bouneweg an de Rotonden
D’Fanfare Municipale vu Bouneweg spillt de 26. September Klassiker aus der Welt vun der elektronescher Musek an de Rotonden. Dono gëtt et och nach eng After Party.
D'Drone-Problematik aus der Siicht vun de Fligerpiloten
Froen un de Paul Reuter, Luxair-Pilot a Vize-President vun der European Cockpit Association (ECA).
Filmtipp: "The Plague"
Matleefertum oder Courage fir sech dem Gruppenzwang z'entzéien? Dem Michel Delage säin aktuelle Kinostipp.
Geet eng reng Schoulflicht bis 18 Joer eleng duer?
D'Schoulflicht gëtt verlängert - wat brauch et nieft der Obligatioun, bis 18 Joer an d'Schoul ze goen, fir ee positiven Impakt op ënner anerem den Arbechtsmarché ze spieren?
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Theatersaison gëtt lancéiert
D'Lëtzebuerger Theaterfederatioun invitéiert den 18.09. op d'Place d'Armes op hiert traditionellt Theaterfest.
Liestipp: Felicitas Hoppe: Reisen
Déi richteg Lecture no der Vakanz...
Éischt Rentrée fir d'Luxembourg Music School
Dës Woch geet d’Schoul erëm un, an dat gëllt och fir d’Museksschoulen. Fir d'Luxembourg Music School ee ganz besonnesche Moment!
Montenegro: Mat Lëtzebuerg als Virbild 2028 an d’EU
Montenegro huet geliwwert, elo ass d’EU um Zuch, esou d’EU-Ministerin vum klenge Land um Balkan. Montenegro wëll 2028 volle Member vun der EU ginn. Mee wéi warscheinlech ass dat?
De Kiyan Agadjani iwwer d'Selbststännegkeet als Zenarist a Realisateur
D’Faszinatioun fir Film louch an der Famill an dofir war et fir hie kloer, dat och studéieren ze goen.
Ouer Op
Rentrée littéraire: "Rouges-Truites" vum Pierric Bailly. Eng Buchkritik vum Jeff Schinker
Fraesport: Sparta Bartreng an Escher VC zéien hir Ekippen zeréck
D'Sparta Bartreng stellt am Basket nächst Joer keng Dammenekipp. Den Escher Volleyball huet decidéiert, hir Hären an hir Dammenekipp aus dem Championnat ze zéien. Wat sinn d'Grënn?
D'Autosbatterie als Tëschespäicher
Ass dat d'Léisung fir de Stroum vun den erneierbaren Energien ëmmer dann ze hunn, wann e grad gebraucht gëtt?
Wéi gutt ass Lëtzebuerg op grouss Bëschbränn preparéiert?
Déi rezent Bëschbränn an de Nopeschlänner weisen, datt d’Gefor ëmmer méi no kënnt – de CGDIS bereet sech konkret op esou Zenarie vir.