Zu Lëtzebuerg liest méi wéi all zweete Resident iwwer 16 Joer eng Zeitung den Dag. Sief dat an der gedréckter oder digitaler Form. Dat huet eng ILRES-Etüd erginn. Dat interessantst dobäi ass, datt par rapport zu zejoert ronn 12.000 Leit méi uginn hunn deeglech eng Zeitung opzeschloen.
Den Tenor, deen een alt emol an der Gesellschaft héiert, datt Printmedien hirem Enn geweit wieren, kéint een net confirméieren, seet d’Michelle Cloos, Generaldirektesch vun Editpress am 100,7-Interview.
Natierlech hätt déi geschriwwe Press och misse mat der Zäit goen, zum Beispill duerch d’Entwéckele vun E-Paper, also Zeitungen an digitaler Form. Domat hätt een och d’Méiglechkeet ënnerwee mol an enger Zeitung ze liesen.
Och bei de Frontaliere gëtt et eng Hausse vun de Lieser:innen. Dofir gesäit d’Michelle Cloos an éischter Linn allerdéngs kee wierklech positiven Ursprong.
"Mir wëssen, datt mir zu Lëtzebuerg e Phenomeen hunn, dat heescht Logementskris. Mir wëssen, datt et ëmmer méi Leit ginn, déi déi aner Säit vun der Grenz liewe ginn. Dat ass da vläicht déi méi pessimistesch méiglech Erklärung."
Wann een d’Glas awer wéilt hallef voll gesinn, géing et der geschriwwener Press mëttlerweil vläicht besser geléngen, Leit aus dem noen Ausland an hir Theemen unzespriechen, mengt d’Michelle Cloos.
D’Resultater vun der Etüd wieren och net nëmmen en Ausräisser, seet d’Generaldirektesch vun Editpress. Et géif ee bei hinne scho kloer gesinn, datt et eng Progressioun géif ginn. Iwwerdeems raumt si mat engem Klischee op.
"Et ass och méiglech nei Lieser ze fannen, grad och bei der aktiver Bevëlkerung oder bei der méi jonker Bevëlkerung. Et huet een dee Klischee-Image, datt virun allem Rentner d'Press liesen, an et ass schéin ze gesinn, datt dat sech net bestätegt."
Dat géif ee beispillsweis bei de Leit gesinn, déi Zeitungen abonéieren oder sech fir déi digital Offeren aschreiwen, esou d’Michelle Cloos.
De ganzen Interview mat der Michelle Cloos kënnt dir bei de Kolleeginnen a Kolleegen vum Radio 100,7 nolauschteren.