“Bach fir zwee” aus Bukarest

Gefeiert gouf de Bach als Uergelspiller, hie war awer och ee brillanten Cembalo-Virtuos. Fir a mat sengen talentéierte Bouwen huet hie souguer Concertoe fir zwee, dräi a véier Cembali geschaaft. Aus Bukarest, aus dem traditiounsräiche Concertsall Athenaeum, iwwerdroe mir dem Bach seng bekanntste Concertoe fir Cembalo a Straicher. Solist ass den international gefeierte Gewënner vu ville Bach-Präisser Andreas von Heißen. Hie spillt zesumme mat der rumänescher Cembalistin Raluca Enea an hirem Ensembel Sempre.

Dëse Concert, presentéiert vum Joachim Fontaine, kënnt Dir bis de 5. November 2025 online op opus.radio an an der Opus-100,7-App nolauschteren.


Programm:

- Johann Sebastian Bach (1685-1750): Orchestersuite Nr. 3 in D BWV 1068

Ensemble Sempre

- Johann Sebastian Bach: Concerto für zwei Cembali c-moll BWV 1060

Ensemble Sempre

Alexandre von Heißen, Cembalo

Raluca Enea, Cembalo

- Johann Sebastian Bach: Sinfonia Nr. 2 aus der Kantat “Geist und Seele sind verwirret” BWV 35

Ensemble Sempre

- Johann Sebastian Bach: Concerto fir Cembalo a Re mineur BWV 1052

Ensemble Sempre

Alexandre von Heißen, Cembalo

- Johann Sebastian Bach: Concerto für zwee Cembali an Do mineur BWV 1062

Ensemble Sempre

Alexandre von Heißen, Cembalo

Raluca Enea, Cembalo

- Johann Sebastian Bach: Concerto fir Uergel a Straicher (rekonstruéiert aus de Kantaten BWV 145, 188 an 1052)

Bart Jacobs, Uergel

Les Muffatti

mic_none

Presentéiert vum