1. Lëtzebuerg wëll Palestina d’nächst Woch, bei der UN-Vollversammlung als Staat unerkennen, dat huet de Premier Luc Frieden annoncéiert
2. Ronn 50 Leit hunn sech de moie virun der Chamber versammelt mat der Fuerderung, d’Recht op Ofdreiwung an der Verfassung ze verankeren
3. Den Aarbechtsminister Georges Mischo wëllt deemnächst d‘Sozialpartner eenzel invitéiere fir iwwert d‘Aarbechtszäitorganisatioun ze diskutéieren
4. Ännerungen an der Chamber: vun haut u ginn däitlech méi Chamberkommissioune live iwwerdroen
5. Zanter dem Ufank vun der russescher Offensive an der Ukrain, am Februar 2022, sinn 1.200 Mënschen duerch Streebommen ëm d‘Liewe komm oder blesséiert ginn