1. Lëtzebuerg geet elo och op de Wee, fir Palästina als eegestännege Stat wëllen unzeerkennen. Vun der Oppositioun koum an der Haaptsaach e positiven Echo heirop, woubäi et awer och Kritik gouf.
2. Soll d’Recht op Opdreiwung an d’Verfassung ageschriwwe ginn oder net: Mat där Fro huet sech d’Institutiounekommissioun vun der Chamber haut op en Neits befaasst. Just d’Positioun vun der CSV an där Fro ass onbekannt.
3. De Ruben Querinjean kënnt op der Liichtathletik-WM zu Tokyo an der Finall iwwert d’3.000m Hecken op déi 10. Plaz. Den Armand Duplantis huet iwwerdeems fir en neie Weltrekord am Stafhéichsprpong gesuergt.