1. De Premier Luc Frieden ënnerstëtzt d‘Propos vun der EU-Kommissioun fir entscheedend Sanktioune géint Israel. Deemno sollen ënner anerem Fräihandelsvirdeeler gestrach an zwee rietsextreem Ministere sanktionéiert ginn
2. Optakt vum US-President Donald Trump senger zweeter Staatsvisitt a Groussbritannien. Mir schalten a Panorama live op Windsor
3. D’Studentevertriedung ACEL widderhëlt hir Kritik un der Regierung hire Pläng fir eng Pensiounsreform
4. De Fransous Romain Grégoire huet déi 1. Etapp haut vum Tour de Luxembourg gewonnen. Beschte Lëtzebuerger war de Mats Wenzel