1. Gëtt et endlech Fridden am Noen Osten? Mam Fräiloosse vun 20 liewegen israeelesche Geiselen a vun engen 2.000 palästinensesche Prisonéier ass en 1. Schratt gemaach: Den US-President Donald Trump gëtt an der Kriseregioun dofir gefeiert.
2. Lëtzebuerg wëll besser op eventuell Krise preparéiert sinn a gëtt sech eng national Strategie fir d’Widderstandsfäegkeet. Domat soll ë.a. garantéiert sinn, dass de Stat an engem Noutfall weider fonctionéiere kann.
3. Am Fussball hoffen d’Rout Léiwen an der Slowakei op e positiivt Resultat an der WM-Qualifikatioun, an de Cap-Vert kann haut säin Ticket fir d’WM 2026 validéieren: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport.