1. D’ukrainesch Haaptstad Kiew gouf hënt nees massiv vu russeschen Dronen ugegraff: 3 Leit sinn dobäi gestuerwen. Fir eng nei Renconter mam Wladimir Putin gesäit den Donald Trump de Moment kee Grond.
2. Well d’Hamas eréischt 15 Läiche vu verstuerwenen israeelesche Geiselen zréckginn huet, wiisst den Drock op si. Dem Donald Trump no sollten déi 13 aner séier iwwergi ginn, soss kéinte Moossname géint d’radikal Palestinenserorganisatioun ergraff ginn.
3. De Stater Racing gëtt sech am nationale Fussball e bësse Loft duerch eng iwwerraschend Victoire zu Nidderkuer, am Hären-Basket iwwerrennt Steesel Diddeleng an am Dammen-Handball klappt Diddeleng Déifferdeng: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport.