1. E Méindeg 8 Deeg fänkt zu Belem a Brasilien d’UNO-Klimakonferenz COP30 un. Hei am Land soll et an deem Kontext bis Mëtt Januar zu enger breeder Consultatioun kommen, wat d’Upassen un de Klimawandel ugeet
2. 10 Blesséierter, 9 dovun an engem kriteschen Zoustand: Dat ass de Bilan vun enger Messerattack, gëschter, an engem Zuch an England. Bis dato ass nach net gewosst, wat hanner där Attack stécht
3. An der WM-Qualifikatioun am Handball verléieren d’Lëtzebuerger Hären däitlech géint Lettland, an am nationale Fussball ginn haut déi lescht Matcher vum 12. Spilldag ausgedroen: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport