1. D’UNO-Klimakonferenz COP30 fänkt e Méindeg 8 Deeg zu Belem a Brasilien un. An deem Kontext soll et bis Mëtt Januar hei am Land zu enger breeder Consultatioun kommen, wat d’Upassen un de Klimawandel ugeet
2. De Bilan vun enger Messerattack, gëschter, an engem Zuch an England beleeft sech op 10 Blesséierter, 9 dovun an engem kriteschen Zoustand. Wat hanner där Attack stécht, ass bis dato nach net gewosst
3. De Belsch Yves Defraigne ass erëm Trainer vun den Diddelenger Baskethären, an d’Lëtzebuerger Häre verléieren an der WM-Qualifikatioun am Handball däitlech géint Lettland: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport