1. Nëmme mat virsiichtegem Optimismus kuckt de Logementsminister Claude Meisch op de Fait, dass rezent méi Haiser a Wunninge verkaf goufen. Steierlech Mesurë bleiwen en Haaptpunkt vum DP-Minister senger Politik.
2. Am Stater Gemengerot gouf de Projet vum neie Liichtathletik-Stadion zu Hamm guttgeheescht. Fir d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer wär ee fir dëse Projet “extrem vill” mat de Bierger a Kontakt gewiescht.
3. D’Finanzhëllef fir d’Ukrain, déi um EU-Sommet festgehale gouf, stéisst op Kritik. Nawell seet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj Merci fir déi a sengen Ae finanziell Sécherheet fir déi nächst Joren.