1. Zu Lëtzebuerg gëtt dat 15 Joer jonkt Rihanna Nella Pettinato zanter Hellegowend nees vermësst. A wéinst Stéiere vun der Nuetsrou a Streidereien huet sech d’Police d’lescht Nuecht net gelangweilt
2. D’Entrevue, muer, tëschent den ukraineschen an amerikanesche Presidente Wolodymyr Selenskyj an Donald Trump an den USA kéint essenziell fir d’Zukunft vun der Ukrain ginn. Woubäi eng russesch Zoustëmmung zum Enn vum Ugrëffskrich an der Ukrain feelt
3. D’Chute an d’nees-Operstoe vum Premier Luis Montenegro huet d’politescht Joer a Portugal dominéiert. Am Panorama héiert Dir eng Korrespondenz aus der Haaptstad Lissabon dozou