1. Zu Lëtzebuerg gëtt weider un der national Strategie fir Resilienz geschafft. Dat war ee vun de Sujeten, gëschter, op der Neijoerschreceptioun vum Haut-Commissariat à la Protection nationale
2. A Frankräich gëtt et nach ëmmer kee Statsbudget fir dat lafend Joer. Diskussiounen dozou am Parlament zu Paräis goufen ofgesot, an dat deierst Gesetz vum Joer dierft wuel nees ouni d’Zoustëmmung vun der Assemblée nationale duerchgeboxt ginn
3. Am däitsche Fussball gi Bremen a Frankfurt Remis auserneen, Dänemark ënnersträicht säi Status als Favorit vun der Handball-EM a muer ass e grousse Liichtathleetik-Meeting an der Coque: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport