1. Gréissere Police Asaz um Lampertsbierg: Zwou Frae goufe mat engem Messer blesséiert - eng ass un hire Blessure gestuerwen, déi aner gouf schwéier blesséiert.
2. De Rektor vun der Uni Lëtzebuerg weist d‘Mobbingvirwërf op der Uni vu sech an äussert sech fir d‘éischte Kéier méi ausféierlech dozou.
3. Nom Réckruff vun enger Partie Puddermëllech wëll déi zoustänneg Verwaltung elo weider Produiten op eventuell Kontaminatioun mat toxesche Bakterien testen.
4. D‘US-Regierung wéilt ICE-Beamten op d‘Olympesch Wanterspiller nächste Mount an Italie schécken – trotz Kritik no déidlechen Asätz.