1. De fréiere Prënz Andrew ass vun der Police festgeholl ginn, hie kritt am Kader vun der Affaire Epstein Amtsmëssbrauch virgehäit
2. Am Sträit ëm d‘Dokteschtariffer huet de Conseil supérieur vun der Sécurité sociale decidéiert, datt d’Dokteren an Zänndoktere fir 2025 an 2026 näischt bäikréien
3. Den ukrainesche President hofft op eng Suitte vun de Gespréicher an der Schwäiz
4. Zu Washington kënnt haut fir d‘éischte Kéier den ëmstriddene Friddensrot vum amerikanesche President Donald Trump zesummen
5. De Präsident vum COSL ass méi wéi zefridde mat de Prestatioune vun den zwee Lëtzebuerger Athleete bei den Olympesche Wanterspiller an Italien