1.Déi eenzeg Méiglechkeet fir Liicht an d'Affär Wilmes ze kréie wier d'Expertis, esou d'CSV-Gesondheetsministesch de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun. Fir de Moment muss nach den drëtten Expert genannt ginn
2. Den Yves Wagener verléisst de Staatsrot aus perséinleche Grënn, dat hunn déi gréng de Moie matgedeelt
3. Bis zu 100.000 Steierzueler sollen an Zukunft vun der Steierverwaltung eng komplett am viraus ausgefëllte Steiererklärung proposéiert kréien
4. Den amerikanesche President Donald Trump huet a senger Ried zur Lag vun der Natioun vill Theemen ugeschwat, déi fir d‘Kongresswalen am November wäerte wichteg sinn - dorënner d‘Wirtschaft