1. Een neien Temperatur-Rekord fir de Mount Juni gouf et gëschter um Findel. Déi rout Warnung wéinst der grousser Hëtzt gouf bis ee Sonndeg verlängert.
2. A Venezuela ass d’Zuel vun den Doudesaffer no den zwee Äerdbiewen op 235 geklommen. Iwwer 4.300 Leit goufe blesséiert.
3. A Vëlosport: d’Nina Berton an den Alex Kirsch hu gëschter zu Mamer déi national Meeschtertitelen am Zäitfuere gewonnen.