1. An der Strooss vun Hormus gouf hënt op en Neits en Tanker getraff, offiziell heescht et, datt net bekannt wier, wien op d‘Schëff geschoss huet
2. D‘USA hunn de chineesesche Rakéitentest gëschter iwwer dem Pazifik schaarf kritiséiert. China hat gëschter vun engem U-Boot am Pazifik aus eng Rakéit getest, déi och mat engem nukleare Sprengkapp kann ekipéiert ginn
3. Op der Fussballweltmeeschterschaft verléieren d‘USA kloer 1-4 géint d‘Belsch. Virdru schonn hat Spuenie Portugal duerch e Gol an der 91. Minutt geklappt
4. D'FIFA gëtt detailléiert Erklärungen zum Fall Balogun, de Verdacht vun der politescher Amëschung bleift awer