1. Fir déi ronn 100 Mataarbechter vum der Firma Indorama Ventures Mobility besteet elo e Sozialplang, e Mëttwoch schon hunn LCGB an OGBL de Plang zesumemn amt der direktioun ënnerschriwwen.
2. De Conseil vun der Uni Lëtzebuerg hätt léiwer gehat, dass hien als Rekter bleift, sot de Jens Kreisel de Moien als Invité vum Dag hei op der Antenn.
3. Wéinst dem Bëschfeier an der Gironde gouf déi turistesch Hallefinsel Cap-Ferret komplett evakuéiert. Honnerte Leit si mat Schëffer virun de Flame geflücht.
4. Den däitsche Verkéiersminister Patrick Schnieder (CDU) muss säi Poste verloossen. Dat am Kader vun der aktueller Ëmbildung vun der däitscher Regierung.