1. De Landesuebstbauveräin huet Suerge wéinst dem waarmen an dréchene Wieder hei am Land. A bedauert, dass viru 5 Joer ugeduechten Iddien net ëmgesat goufen, wéi de Fait, regional Baséngen opzeriichten, fir Waasser opzefänken.
2. Am franséischen Département Gironde sinn op Grond vun den uerge Bëschfeiere schonn iwwer 220.000 Leit evakuéiert ginn an eng 42.000ha Land zerstéiert. A Spuenien ass duerch e Feier an der Géigend vu Valencia eng Persoun gestuerwen.
3. De Podium vum Tour de France am Cyclissem dierft no der mäerderescher Alpenetapp vu gëschter feststoen. Wa keen Accident geschitt, stinn Tadej Pogacar, Remvo Evenepoel an Isaac del Toro den Owend do drop.