1. Op Grond vun den uerge Bëschfeieren am franséischen Département Gironde goufe schonn iwwer 220.000 Leit evakuéiert an eng 42.000ha Land zerstéiert. Duerch e Feier an der Géigend vu Valencia a Spuenien ass iwwerdeems eng Persoun gestuerwen
2. Een Doudegen, 3 liewensgeféierlech an 8 schwéier Blesséierter: Dat ass de Bilan, nodeems gëschter Owend um Bord vum Christopher Street Day zu Berlin en Auto an d’Leit gerannt ass. Nom 21 Joer ale Schëllege gëtt nach gesicht
3. No der mäerderescher Alpenetapp vu gëschter dierft de Podium vum Tour de France am Cyclissem feststoen. Tadej Pogacar, Remvo Evenepoel an Isaac del Toro stinn den Owend do drop, wann näischt méi geschitt