Radioen

On air

Notturno  |  Claude Debussy - Sonat fir Cello a Piano - Armance Quéro (Cello), Joseph Birnbaum (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Presserevue

opus / Presserevue

/ Editioun 7:15

Editioun 7:15

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De Fall vum éisträicheschen Entrepreneur René Benko ass zu Lëtzebuerg ukomm: dat schreift de Moien d’Tageblatt. Virgëschter hätten Enquêteuren aus der Alperepublik Geschäftsraim um Sennengerbierg duerchsicht.
“Ein Sumpf ohne Boden”, esou huet d’Michèle Gantenbein de Leitartikel am Lëtzebuerger Wort iwwerschriwwen. D’Skandaler, déi an de leschte Méint un d’Liicht koumen, géifen ee strukturelle Problem däitlech maachen. Als Beispiller gi Caritas, Luxembourg Science Center a BENU Village genannt.
Theema haut beim Online-Magasinn Reporter ass déi ugekënnegt Debatt iwwer d’Pensiounsreform: am Hierscht wëllt d’Regierung jo eng breet gesellschaftlech Debatt iwwer de System ufänken. Ënner dem Titel “Im Schatten der Rentenmauer” huet de Pit Scholtes den Avis zum Wirtschafts- a Sozialrot zu dësem Theema analyséiert.
“Hinter dem Kampf für die Pressefreiheit in der EU”, dorëm geet et haut am aneren Online-Magasinn Lëtzebuerger Journal. Ze liesen ass do ee Gespréich mam Pavol Szalai vum EU- a Balkan-Desk bei Reporter ouni Grenzen.

Politik a Gesellschaft
Noriichten
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Editioun 8h15

De Christophe Hansen ass als neie Lëtzebuerger EU-Kommissär nominéiert ginn, dofir wier hien net ze beneiden, fannen d'Zeiutngen de Moien.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

D'Caritas-Affär an d'Visitt vum Poopst François sinn haut d'Haapttheemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

D'Lëtzebuerger Justiz hätt Hëllef beim spuenesche Parquet ugefrot, et gëtt en éischte provisoresche Bilan vun der Blozongekrankheet an e wiedert Theema sinn d'Iwwerschwemmungen a Mëttel- an Osteuropa.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

Déi Lëtzebuerger Justiz huet Hëllef beim spuenesche Parquet gefrot an der Caritas-Affär, dat ass en Theema an der Presserevue, donieft ginn déi däitsch Grenzkontrollen staark kritiséiert.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

Nieft der Schoulrentrée haut am Fondamental sinn och d'Grenzkontrollen an Däitschland haut en Theema an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

Haut ass Schoulrentrée am Fondamental, d'Zeitunge kommen de Moien awer och op déi politesch Rentrée zeréck.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vum Weekend

headphones

4 min

play_arrow

Editioun vun 8:15

D'Suerge vun der Biobranche, den Handyverbuet an de Schoulen an déi geplangte Pensiounsreform sinn haut Theemen an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun vu 7:15

D'Suerge vun der Biobranche, den Handyverbuet an de Schoulen an déi geplangte Pensiounsreform sinn haut Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Presserevue07

Den Trump ënner Drock, de Retour vu de Schouluniformen an eng Wäikinniginn déi et lafe léisst, dat sin eis Themen haut an der Presservue mam Jacques Ganser.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun vu 7:15

Den Trump ënner Drock, de Retour vun de Schouluniformen an eng iwwerraschend Bronzemedail, dat sinn d’Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

Däitschland féiert nees Grenzkontrollen an, zwee Méint sinn elo d'Lokalpolizisten zu Esch ënnerwee an d'Schoul geet geschwënn nees un, dat sinn Theemen an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

D'ADR, déi nees e Member verléiert wéinst Haass-Kommentaren an de Soziale Medien an d'Schoulrentrée sinn de Moien Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

D'Zeitungen hu probéiert erauszefannen, virwat de Gerson Rodrigues beim Nationsleague-Match géint Belarus e Sonndeg, aus dem Kader erausgehäit gi war an do kënnt och Kritik un der FLF héich
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 7h15

Lëtzebuerg géif an der ëmstriddener europäescher Frontex-Missioun eng ëmstridde Roll spillen a géif dobäi och Mënscherechter verletzen, dat huet Reporter.lu bei Recherchen erausfonnt.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

An der Caritas-Affär ginn et nach ëmmer méi Froe wéi Äntwerten, e weidert Theema an der Presserevue ass den 10. September 1944, den Dag vun der Befreiung vun Nazi-Däitschland.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

Zwee Sportsevenementer dominéieren: d‘Fussball-Nationalekipp, déi gëschter och hiren zweete Match an der Nations League verluer huet, an den Tom Habscheit, dee Bronze bei de Paralympesche Spiller gewonnen huet.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vum Weekend

headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

An den Zeitunge geet rieds iwwer d'Verbreede vun extreemen Inhalter op de Soziale Medien an iwwer een neien nationalen Aktiounsplang géint geschlechtsspezifesch Gewalt.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

Wéi geet et mat de Mataarbechter vun der Caritas virun? Ënner anerem doriwwer geet haut an der nationaler Press rieds.
headphones

5 min

play_arrow