„Ein Leben mit Musik“
Dat ass den Titel vun der aktuellster Biographie iwwer den Anton Bruckner, deen den 11. Oktober 1896 zu Wien gestuerwen ass. Mir erënneren un de grousse Sinfoniker a presentéieren och een neien Disk mat Musek vun der Emilie Mayer, enger vun de bedeitendste Komponistinnen aus der Romantik.
Bach ënner Palmen
De Johann Sebastian Bach gëtt net seelen als de „Godfather“ vun de Komponiste charakteriséiert. Deementspriechend muss och seng Musek dacks als Grondlag fir Neies - beileiwen net ëmmer Gerodenes -duerhalen. Wéi ee Bach richteg gutt mat neie Kläng a Rhythme kombinéiert huet de brasilianesche Komponist Heitor Villa-Lobos gewisen.