Panorama
14 min
1. De Premier Luc Frieden weist sech zefridden iwwer d‘Annonce, datt d‘Lëtzebuerger Satellittefirma SES den amerikanesche Konkurrent Intelsat opkeeft. Hie wär frou, dass d’SES eng aner Firma opkafe konnt an net opkaf gouf.
2. Nom Brand e Sonndeg den Owend an enger Scheier zu Leideleng sinn d‘Opraumaarbechten nach ëmmer amgaangen. D’Warnung un d’Bierger, wéinst méigleche Schuedstoffer an der Loft Fënsteren an Dieren zouzehalen an nëmme wann néideg erauszegoen, gëllt weiderhin.
3.D’Cyberattack vum 21. Mäerz war haut Thema an der zoustänneger Chamberkommissioun. Et hätt een déi Attack gutt maîtriséiert, a Lëtzebuerg wier och gutt opgestallt fir weider Cyberattacken ofzewieren.
4. Bis 2035 wëllen déi siwe gréissten Industrielänner ganz aus der Kuelen-Energie erausklammen. Dofir hu sech d‘G7-Länner op engem informellen Treffen zu Turin ausgeschwat.
5. Den Internationale Geriichtshaff zu Den Haag weist d‘Klo vun Nicaragua géint Däitschland am Noost-Konflikt zeréck. Nicaragua huet Däitschland virgehäit, Vëlkermord an der Gazasträif ze favoriséieren.