Episoden
Haut un den Holocaust erënneren
Wéi schwätzt ee mat Jonken iwwer den Holocaust an Zäite wou et kaum nach Zeie ginn? Dat froe mir den Direkter vum ZPB, Marc Schoentgen, um Holocaust Remembrance Day.
Frankräich debattéiert iwwer déi sozial Medien an déi Jonk
D'Assemblée nationale huet gëschter iwwer d'Gesetzespropos diskutéiert, déi sozial Medie fir déi ënner 15-järeg soll verbidden Eise Korrespondent Max Tholl kennt d'Detailer.
Méi propper Energie duerch Kooperatiounen an der Nordsee
De Grand-Duché war och um drëtten Nordsee-Sommet present. Mir schwätze mam Energieminister Lex Delles iwwer dat wat hie gëschter fir d'Stroumversuergung hei am Land erreecht huet.
Solidaritéits-Piquet mat de Mënschen zu Minneapolis
"Op der richteger Säit vun der Geschicht stoen": Solidaritéits-Piquet mat de Mënschen zu Minneapolis
ArcelorMittal zu Déifferdeng: 85 Prozent manner Stëbs versprach
De Stolproduzent ArcelorMittal versprécht, datt duerch eng nei grouss Anlag um Site zu Déifferdeng 85 Prozent vum Stëbs aus der Produktioun soll zréckbehale ginn.
Ophüls-Präis fir "Terres rouges"
D'Reaktioun vum Fränz Hausemer, dem Realisateur vum Documentaire iwwer de Gast Rollinger, seng Gedichter, seng Passioun fir de Film a seng Léift fir de Minett.
D'Originne vun de Lëtzebuerger Familljennimm
E Gespréich mam Linguist a Kulturhistoriker Jean-Claude Muller iwwer säi Buch "Les noms de famille Luxembourgeois"
E Bléck zréck op de Luxembourg Song Contest 2026
Een Owend voller Glitzer, grousse Gefiller, Freed an Enttäuschungen. Dëse Weekend war an der Rockhal de Luxembourg Song Contest.
Affär Wilmes: Firwat nennt den 100,7 den Numm vum suspendéierte Chirurg?
Dëse Radio huet den Numm vum Chirurg ëffentlech gemaach, géint deen d'Gesondheetsminsitesch (CSV) d'lescht Woch e partiellt Beruffsverbued decidéiert huet. Erklärungen.
Wéi d‘polnesch Autoritéite géint russesch Desinformatioun virginn
Polen huet en akute Problem am Moment, mat russescher, respektiv vu Russland gesteierter, Desinformatioun.
En Ausbléck op de Luxembourg Song Contest
Muer den Owend decidéiert sech, wie Lëtzebuerg dëst Joer um Eurovision Song Contest zu Wien vertriede wäert.
Firwat Universitéite wichteg fir d'Demokratie sinn
E Gespréich mam Georg Mein, Professer vun der uni.liu, iwwer säi Buch "Das Prinzip Universität - Warum Demokratie Wissenschaft braucht”.
EU klappt sech no Trump-Revirement op d’Schëller
D’EU Staats- a Regierungscheffe begréissen de Revirement vum Donald Trump a féieren en op déi eegen, geschlosse Reaktioun zeréck.
US Ambassadrice: "Den Donald Trump ass kee Politiker, mee e Geschäftsmann"
D'Stacey Feinberg, US-Ambassadrice zu Lëtzebuerg, mengt, et misst een dem Donald Trump seng Menacë vis a vis Europa als Verhandlungstaktik gesinn.
Gilles Roth: “Ech kann een zweeten Defence Bond net ausschléissen”
De Finanzminister Gilles Roth seet, hie wier iwwerrascht gewiescht, datt den “Defence Bond” d’lescht Woch esou séier ausverkaaft war.
Jugendrot géint social media Verbuet fir ënner 16-Järeger
Australien huet et virgemaach - Lëtzebuerg iwwerleet och fir ee Verbuet fir sozial Medien fir Jonker ënner 16 Joer anzeféieren. De Jugendrot fënnt dat demesuréiert.
Restauréierung vun der Porta Nigra
Virun allem déi typesch schwaarz Beschichtung huet dem historesche Bauwierk staark zougesat. Explikatioune vum Karl-Uwe Mahler vum Rheinisches Landesmuseum Trier
No Trump Ried zu Davos: wéi eng Handelspolitik mat den USA?
Wat ass vun den Handelsrelatioune mat den USA nach z’erwaarden? Doriwwer schwätze mir elo mam Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce.
Vott mat Konsequenzen?
De Mercosur-Accord muss vum Europäesche Geriichtshaff iwwerpréift ginn. Dat huet d'Europa-Parlament gëschter entscheet. Explikatioune vum Jurist an EP Deputéierte Rene Repasi.