Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Extrem theatral  an déif expressiv

Extrem theatral an déif expressiv

De Pierre Nimax jr. dirigéiert d'Pueri Cantores an de Choeur de Chambre vum Stater Conservatoire mam J. S. Bach senger Johannespassioun.

Delta Five

De jonke Blechbléiserquintett ass e Méindeg am ARCA zu Bartréng (9.3.2020).

En Cello an eng Gittar

Concert iwwermuer Freideg, 6. Mäerz 2020 am Escher Conservatoire
Solo

Solo

D'Perkussionistin Louisa Marxen proposéiert am Kulturhaus Nidderaanwen hire Solo-Projet mat e puer ongewéinlechen Instrumenter.

En Cello an eng Gittar

Concert iwwermuer Freideg, 6. Mäerz 2020 am Escher Conservatoire

E grousst Fest

D'Harmonie vu Munneref feiert hir 100 Joer mat prominente Gäscht.

Claude Kraus

An der Emissioun Komponist vum Mount begleede mir de Claude Kraus ënner anerem op d'Prouf vun engem fonkelneie Stéck.

E grousst Fest

D'Harmonie vu Munneref feiert hir 100 Joer mat prominente Gäscht.

E Ballet fir de Beethoven

"Indicible Beethoven" heescht eng Kreatioun an der Opéra Metz Métropole mam Orchestre de Chambre du Luxembourg (vum 6. bis 8. Mäerz 2020).

Fënnefmol Bach

Den Ensembel Le Concert Lorrain proposéiert instrumental Wierker vum Johann Sebastian Bach. Solistin ass d'Geiistin Chouchane Siranossian.

E Ballet fir de Beethoven

"Indicible Beethoven" heescht eng Kreatioun an der Opéra Metz Métropole mam Orchestre de Chambre du Luxembourg (vum 6. bis 8. Mäerz 2020).

E Komponist an e Pianist

Concert, den 1. Mäerz 2020, an der Philharmonie mam Orchestre de Chambre du Luxembourg, ënner der Direktioun vum Marie Jacquot

Mozart, Schubert a Beethoven

Den Daniel Harding dirigéiert de Mahler Chamber Orchestra an der Philharmonie. Solist ass de Bariton Matthias Goerne.

E Komponist an e Pianist

Concert, den 1. Mäerz 2020, an der Philharmonie mam Orchestre de Chambre du Luxembourg, ënner der Direktioun vum Marie Jacquot

Crossing Europe - Visiting the Czech Republic

Concert den 1. Mäerz 2020 an der Philharmonie mam Orchestre de Chambre du Luxembourg, ënner der Direktioun vum Marie Jacquot.

Musek, Ritual an Dada

Dem Camille Kerger säi Stéck "Obsessions" steet am Kulturhaus zu Nidderaanwen mat der Perkussionistin Louisa Marxen um Programm.
Beethoven Tage 2020

Beethoven Tage 2020

E Festival ronderëm d'Kammermusek vum Ludwig van Beethoven zu Mettlach an der Alten Abtei an zu Esch am Conservatoire

Den Notos Quartett

E Pianosquartett vu Berlin
Beethoven Tage 2020

Beethoven Tage 2020

E Festival ronderëm d'Kammermusek vum Ludwig van Beethoven zu Mettlach an der Alten Abtei an zu Esch am Conservatoire

Barock vum Feinsten

Den Ensembel Le Concert d'Astrée ënner der Direktioun vun der Emmanuelle Haïm am Stater Theater